- Meng Gemeng
- Stengefort stellt sech vir
Stengefort stellt sech vir
D’Gemeng stellt sech vir
D’Gemeng Stengefort ass e moderne Wunn- an Aarbechtszentrum am Weste vum Land. Se regroupéiert véier Dierfer: Stengefort, Klengbetten, Hoen a Grass.
An Zuelen:
- Fläch: 12,2 km²
- Bevëlkerung: méi wéi 6.000 Awunner·innen
- Méi wéi 90 verschidden Nationalitéiten
Stengefort ass eng lieweg Gemeng. Hei fënnt ee vill Geschäfter, Veräiner a Manifestatiounen, souwéi eng grouss Villfalt u Fräizäitaktivitéiten.
Et ass awer och eng Gemeng, wou een sech gutt entspane kann, zum Beispill, dank:
- hire ville Spadséierweeër, déi een de kulturelle Patrimoine vun der Gemeng entdecke loossen,
- dem nationale Vëloswee, ideal fir en Tour mam Vëlo ze maachen.
- der Schwämm an der Sportshal, op fir jiddereen.