Copie conforme / Légalisation de signature

Copie conforme

Eng «Copie certifiée conforme» ass eng identesch Kopie zum Original. Déi Persoun, déi dës Kopie ausstellt, zertifizéiert, datt se dem Original entsprécht.

Zënter dem Gesetz vum 29. Mee 2009 iwwer Ofschafung vun der Flicht fir d’Virleeë vun enger beglaubegter Kopie vun engem Originaldokument, kann dës Zertifizéierung net méi an enger administrativer Prozedur vum Staat, vun de Gemengen oder enger ëffentlecher juristescher Persoun gefuerdert ginn — op d’Dokument vun enger lëtzebuergescher administrativer Autoritéit oder vun enger Autoritéit aus engem Memberstaat aus der Europäescher Unioun (EU) ausgestallt gouf.

Am Fall vun engem Zweiwel iwwer d’Gültegkeet vun enger Kopie, kann den Original ugefuerdert ginn, mat de Grënn fir dës Demande.

Opgepasst: D’Verflichtung eng «Copie certifiée conforme» ze brénge bleift gülteg fir Dokumenter, déi vun enger Administratioun an engem Land baussent der EU ausgestallt goufen.

Kommt an de Biergerzenter mat Ären Originaldokumenter. D’«Copie conforme» ginn op der Plaz vun engem Fonctionnaire ausgestallt, vum Original, dat Dir matbréngt.

Legalisatioun vun der Ënnerschrëft

D’Legalisatioun vun der Ënnerschrëft zertifizéiert d’Warhaftegkeet an d’Richtegkeet vun enger Ënnerschrëft, déi op en Dokument oder en Akt gesat gouf. Se bestätegt, datt dës Ënnerschrëft authentesch ass an, datt se vun der Persoun selwer drënner gesat gouf.

Fir d’Authentizitéit vun Ärer Ënnerschrëft op engem Dokument zertifizéiren ze loossen, musst Dir:

  • Iech perséinlech am Biergerzenter presentéieren;
  • Iech ausweisen;
  • D’Dokumenter a Presenz vum Gemenge-Fonctionnaire, deen ermächtegt ass, Ënnerschrëften ze legaliséieren, ënnerschreiwen.

Am Viraus ënnerschriwwen Dokumenter gi refuséiert!

Wann Dir net schreiwe kënnt, kënnt Dir d’Dokument selwer mat Hëllef vun engem oder e puer Kräizer ënnerschreiwen. Fir Persounen, déi net liese kënnen, kann et virkommen, datt d’Gemengepersonal proposéiert d’Dokument haart virzeliesen, éier d’Persoun hiert Zeechen («Handzeichen») drënner setzt.

Kontakt

Yves Thill

Biergerzenter, chef de service

Melanie Francisco Da Cruz

Biergerzenter