- Administratioun
- Administrativ Demarchen
- Offall a Recycling
Offall a Recycling
Verkafspräis vun de Dreckskëschten
Präis vum Eidelmaachen & Tax op d’Gewiicht
All d’Datume vun der Offallentsuergung sinn hei ënnen am Ëmweltkalenner uginn.
Opgepasst: wéinst der Baustell beim neie Kulturzenter steet de Camion vun der SuperDrecksKëscht net méi wéi gewinnt um Parking Al Schmelz. E steet elo um Parking vum Stade Demy Steichen.
Aner Taxen
| Ofhuele vu Schrott a Frigoen | 25,- € |
| Ofhuele vu Sperrmüll doheem | Ofgi vun ugemelltem an agesammeltem Sperrmüll: 15,- € - manner wéi 40 kg: 0,- € - vu 40 bis 250 kg: 0,40 €/kg - méi wéi 250 kg: 0,20 €/kg |
| Ofgi vu Sperrmüll am Centre de Recyclage | 0,15 €/kg |
| Ofhuele vu gréngem Gestrëpps, asw. doheem | gratis |
| Ofgi vu Pneuen am Centre de Recyclage | - ouni Felgen: 1,25 €/Stéck - mat Felgen: 2,- €/Stéck |
| Ofhuele vun ale Kleeder a Schong doheem | gratis |
Subsid fir Käschte fir d’Benotze vu Wëndelen
- all Persoun, déi un enger Verännerung oder u Kontrollverloscht vun der Blos oder dem Daarm leit (Inkontinenz), zertifizéiert vun engem Attest vum Dokter;
- Puppelcher a Kanner bis zum Alter vun 3 Joer.
Dir musst op d’mannst zënter engem Mount an der Gemeng Stengefort wunnen.
D’Demande muss all Joer erneiert ginn.
De Formulaire muss spéitstens bis de 15. Dezember vun deem Joer eragereecht ginn, fir dat Dir de Subsid frot.
Recyclage
Den SICA (Syndicat Intercommunal pour l'Hygiène Publique du Canton de Capellen) këmmert sech ëm d’Asammlung vun de verschiddenen Offäll doheem.
Wann Dir an enger Gemengt wunnt, déi mam SICA verbonnen ass, kënnt Dir och eng Villfalt u Wäertstoffer an Offäll, déi Schuedstoffer enthalen, am Recycingpark ofginn.
Recyclingspark
28, Z.I. Kehlen, L-8287 Kehlen (zone industrielle entre Kehlen et Olm)
Ëffnungszäiten
Vu méindes bis freides: vun 8:00 Auer bis 12:00 a vun 13:00 Auer bis 18:00 Auer
Samschdes: vun 8:00 bis 15:30 Auer
Kontakt
Tel.: (+352) 307838-1
E-mail [email protected]
Internet: www.sica.lu
D’Gemeng bedeelegt sech och un der Valorlux-Sammlung (Plastik Offall, Konservebéchsen, asw.).
D’Tute si gratis. Dir kënnt se am Accueil vun der Gemeng siche goen oder online bestellen.
D’«SuperDrecksKëscht fir Bierger» sammelt Offall, dee schwéier ze recycléieren ass.
Méi Informatiounen: www.sdk.lu