- Kultur & Fräizäit
- Bekanntste Manifestatiounen
- Chrëschtmaart
Chrëschtmaart
Mat sengen Holzchaleten ass de Chrëschtmaart vu Stengefort eng wuelgeschätzten Traditioun zënter méi wéi 20 Joer. E fënnt all Joer den zweeten an drëtte Weekend am Dezember statt. Am Joer 2026 feiere mir säi 25. Anniversaire.
En ass wäit iwwer d’Grenze vun der Gemeng eraus bekannt an en zitt all Joer méi a méi Visiteuren un. Mëttlerweil zielt e méi wéi 30 ureg Chaleten, déi e grousse Choix u leckere Platen an handwierkleche Schätz ubidden.
Déi lokal Veräiner passen op, datt ëmmer fir all Goût eppes dobäi ass, andeem si eng grouss Villfalt u Platen a Gedrénks ubidden. All Joer erlaben d’Recettë vun der Manifestatioun eng oder méi karitativ Associatiounen ze ënnerstëtzen.
D’Editioun 2026 fënnt wéi gewéinlech den 2. an den 3. Weekend am Dezember statt.