- Liewen zu Stengefort
- D'Gemeng engagéiert sech
- Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Ëmweltberodung Lëtzebuerg
Stengefort ass Member vun der Organisatioun fir onofhängeg Berodung «Ëmweltberodung Lëtzebuerg» (EBL), déi haut 88 lëtzebuergesch Gemenge regruppéiert. D'EBL gëlt och als Partner vun ëffentlechen a private Betriber an encouragéiert den interkommunalen a multidisziplinären Austausch.
D’Organisatioun féiert och Campagnen duerch wéi «Ouni Pestiziden» an «Nohalteg Digitaliséierung». Zënter Januar 2026 koordinéiert se och de Projet «Green Events», fir d’Organisateure vun ëffentlechen a privaten Evenementer a Richtung méi nohalteg Praktiken ze begleeden.
D'EBL ass och Partner vum Klimapakt a stellt de Gemenge Sensibiliséierungsmaterial iwwer verschidden Themen zur Verfügung.