Réckbléck - Afterwork interculturel
LU
Eisen interkulturellen Afterwork am Bierger*Haus de leschte Freide war e voller Succès! Speziell fir dës Occasioun goufen déi selwer gebastelt Fändele vun de Kanner aus der Maison Relais als Dekoratioun benotzt.
Eis Awunner·inne vun all Alter hunn sech an dësem flotte Kader getraff, fir nei Leit kennenzeléieren an sech iwwer hir Kulturen, Traditiounen a Liewensgeschichten auszetauschen. Bei Musek a Spezialitéiten aus der Welt gouf och e bëssi gespillt: beim interkulturelle Bingo a beim Memory si Grouss a Kleng séier mateneen an d'Gespréich komm. D'Participante konnten esou och verschidden Acteuren aus dem Vivre-ensemble vun eiser Gemeng kenneléieren an hir Iddien a Wënsch fir zukünfteg Aktivitéiten am Bierger*Haus deelen.
E grousse Merci all deenen, déi laanscht komm sinn a bis geschwënn am Bierger*Haus!
EN
Last Friday's intercultural afterwork at the BiergerHaus was a great success! For the occasion, the venue was decorated with flags handmade by the children of the Maison Relais.
Residents of all ages came together in this friendly setting to meet new people and share their cultures, traditions and life stories. With music and flavours from around the world, there was also time for a few games: intercultural bingo and memory quickly got young and old talking. Participants also had the chance to meet some of the people and organisations involved in our municipality's "Vivre-ensemble" and to share their ideas and wishes for future activities at the BiergerHaus.
A big thank you to everyone who came along! See you soon at the Bierger*Haus!