Réckbléck op d'Phishing-Konferenz vum 1. Oktober 2026
LU
De leschten Donneschden hu vill Awunner·innen un eiser Phishing-Konferenz deelgeholl, déi vun der Gemeng Stengefort an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Käerch, der Police Lëtzebuerg a BEE SECURE organiséiert gouf.
Am Laf vum Owend hunn d'Participantë geléiert, wéi ee Phishing-Versich erkennt, op wéi eng Warnsignaler ee soll oppassen a wéi eng gutt Reflexer hëllefen, perséinlech Donnéeën an Online-Konte besser ze schützen.
E wichtege Message, deen een sech soll mierken: Huelt Iech ëmmer Zäit, den Expediteur, d'Linken an dréngend Ufroe genee ze iwwerpréiwen, ier Dir handelt.
E grousse Merci un d‘Intervenante fir hir verständlech a praktesch Erklärungen an un all d'Participanten·innen fir hiren Interessi an hir Participatioun. Zesumme kënne mir eis besser géint Cyberbedruch schützen.
EN
Last Thursday, many residents took part in the phishing awareness conference organised by the Municipality of Steinfort in collaboration with the Municipality of Koerich, the Luxembourg Police and BEE SECURE.
During the evening, participants learned how to recognise phishing attempts, identify warning signs and adopt good practices to better protect their personal data and online accounts.
One key message to remember: always take the time to verify the sender, links and urgent requests before taking any action.
A big thank you to the speakers for their clear and practical explanations, and to everyone who attended for their interest and participation. Together, we can better protect ourselves against cybercrime.