#BeActive Day 2026 zu Stengefort
LU
De leschte Samschdeg stoung Stengefort ganz am Zeeche vu Beweegung, Sport a flotte Begéinungen. Beim #BeActive Day haten d'Visiteuren d'Méiglechkeet, bei summerlechem Wieder eng grouss Villfalt u Sportaarten z'entdecken, nei Aktivitéiten auszeprobéieren an déi lokal Sportveräiner kennenzeléieren.
Egal ob jonk oder al, Ufänger oder erfuerene Sportler: Fir jidderee war eppes dobäi. Déi villfälteg Offer huet gewisen, wéi dynamesch a lieweg d'Sportlandschaft zu Stengefort ass an wéi de Sport Mënschen zesummebréngt.
Bei dëser Geleeënheet huet eise Schäfferot dem Schoulcomité och offiziell zwee Fairtrade-Sportsbäll iwwerreecht an domat e weidert Zeeche fir Fairness an Nohaltegkeet gesat.
E grousse Merci un all d'Veräiner, Partner, Benevollen an natierlech un déi vill Visiteuren, déi mat hirem Engagement an hirer Presenz dozou bäigedroen hunn, datt dësen Dag e flotte Succès gouf.
EN
Last Saturday, Steinfort celebrated movement, sport and community spirit. During the #BeActive Day, visitors enjoyed the beautiful summer weather while discovering a wide range of sports, trying out new activities and getting to know local sports clubs.
Whether young or old, beginners or experienced athletes, there was something for everyone. The event highlighted the diversity and dynamism of Steinfort's sporting community and showed how sport brings people together.
On this occasion, our College of Mayor and Aldermen also officially presented two Fairtrade sports balls to the school committee, emphasizing the values of fairness and sustainability in sport.
A big thank you to all clubs, partners, volunteers and, of course, the many visitors whose enthusiasm and participation helped make this event a great success.