Services aux citoyens
Verëffentlecht den 2 Minutte Lieszäit

Eisen neien Internetsite ass online!

LU

Méi iwwersiichtlech, méi einfach ze benotzen a méi accessibel: Entdeckt ab haut de neie Site vun der Gemeng Stengefort.

🇱🇺 A grad pünktlech zum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, dëse Samschdeg, de 26. September, gëtt et eise Site elo och op Lëtzebuergesch!

Bei der Konzeptioun stoung d'Accessibilitéit am Mëttelpunkt, fir datt esou vill Leit wéi méiglech einfach Zougang zu den Informatiounen an de Servicer vun der Gemeng hunn.

An den nächste Woche gëtt d'Websäit nach weider ergänzt, mat Fotoen, Illustratiounen an Dokumenter. Op méi laang Siicht wäerten och eis Formulairë no a no online ugebuede ginn, fir Iech Är administrativ Demarchen nach méi einfach ze maachen.

Är Meenung zielt! Feelt Iech eng Informatioun? Dir hutt e Problem entdeckt oder eng Iddi fir eng Verbesserung? Da loosst eis et iwwer de Kontaktformular op eiser Websäit wëssen.

***

EN

Clearer, simpler and more accessible: discover the new website of the Steinfort municipality.

And just in time for Luxembourgish Language Day on Saturday, 26 September, our website is now also available in Luxembourgish too!

Accessibility has been at the heart of its design, so that as many people as possible can easily access the municipality’s information and services.

The website will continue to be updated over the coming weeks with photos, illustrations and documents. In the longer term, our forms will gradually be made available online to simplify administrative procedures for you.

Your feedback matters! Is there any information missing? Have you spotted a problem or do you have a suggestion for improvement? Please let us know via the contact form on the website.