- Administratioun
- Gemengedepartementer
- Département administratif
- Ressources humaines
Ressources humaines
An der Gemengeverwaltung vu Stengefort schaffen
Mat engen 160 aktive Mataarbechter·innen an de verschiddene Beräicher (Administratioun, Finanzen, technesche Beräich oder Educatioun) bitt d’Gemengeverwaltung vu Stengefort e modernt, diversifizéiert a stabelt Aarbechtsëmfeld, souwéi d’Virdeeler vum lëtzebuergesche Gemengesecteur.
De Service Ressources humaines
De Service vum Personalwiese verflicht sech e beräicherend a fairt Aarbechtsëmfeld ze fërderen, dat déi professionell a perséinlech Entwécklung vun all Agent·in begënschtegt.
Seng Responsabilitéite sinn:
- de Recrutement geréieren, Annoncë verëffentlechen a Virstellungsgespréicher organiséieren
- d’Kandidaturen an d’Ufroen, fir Stagë geréieren
- d’Bedierfnesser am Personalwiese plangen
- déi perséinlech Dossieren an d’Karriärsfichë geréieren
- d’Paien an d’Léin ausrechnen
- d’Aarbechtszäite geréieren
- d’Congéë geréieren
- d’Agenten iwwer hir Rechter a Flichten informéieren a beroden
- déi oppe Plaze fir Studente geréieren
- d’Sozialwalen organiséieren