Culture & loisirs
Verëffentlecht den 2 Minutte Lieszäit

E Sonndegowend voller Humor, Wuertspill a Lëtzebuerger Sproochkonscht!

LU

E Sonndegowend voller Humor, Wuertspill a Lëtzebuerger Sproochkonscht!

Merci un all déi Persounen, déi de Wee an d’Bierger*Haus fonnt hunn, fir déi kabarettistesch Liesung „LËT’Z DRUDDEL!“ mam Marc Weydert. De Gewënner vum Nationale Lëtzebuerger Literaturconcours an dem Lëtzebuerger Buchpräis 2025 huet de Public mat sengen originellen Texter, Parodien an humoristesche Blécker op den Alldag begeeschtert.

Mat vill Ironie, Wuertspiller a bekannte Figuren aus der Lëtzebuerger Literatur gouf aus der Liesung e flotten a gesellegen Owend, wou vill gelaacht gouf. D’Manifestatioun gouf vun der Familljen- a Seniorekommissioun organiséiert a war eng flott Geleeënheet, Kultur a Gesellegkeet zu Stengefort zesummenzebréngen.

Merci dem Marc Weydert fir säin Optrëtt a jidderengem fir d'Presenz an déi gutt Stëmmung.

EN

An evening filled with humour, wordplay and Luxembourgish literature!

Thank you to everyone who joined us for the humorous reading “LËT’Z DRUDDEL!” with Marc Weydert. Through original texts, parodies and witty observations of everyday life, the author entertained the audience and created a delightful atmosphere throughout the evening.

Organised by the Family and Seniors Commission, the event offered a wonderful opportunity to come together, enjoy culture and share a pleasant moment in a friendly setting.

A heartfelt thank you to Marc Weydert for his performance and to all participants for making the evening such a success.