- Administratioun
- Gemengedepartementer
- Département financier
- Facturation
Facturation
De Service vun der Facturatioun këmmert sech ëm follgend Missiounen:
- établir les rôles de facturation
- organiser la lecture des compteurs d'eau
- établir les factures liées à l'eau, à l'évacuation des eaux usées et aux déchets
- commander les poubelles
- établir le rôle des impôts relatifs aux chiens et à l'impôt foncier
- établir les titres de recette
- enregistrer les chiens et assurer le suivi du registre des chiens
- assurer le suivi et la mise à jour des règlements-taxe communaux
Clientsrechnunge elo och op MyGuichet
D’Bierger·inne vu Stengefort kënne vun elo u wielen, fir hir Gemengerechnungen direkt an hirem perséinleche Profil vu MyGuichet ze kréien, amplaz per Post.
Wéi funktionéiert dat?
- Einfach Aktivatioun: Dir aktivéiert dës Optioun, andeem Dir Är Awëllegung an Ärem perséinleche Profil vu MyGuichet gitt.
- Automatescht Ëmschalten: Soubal Dir dëst aktivéiert hutt, ginn all Är Rechnungen op MyGuichet geschéckt, mat engem Historique vu fënnef Joer.
- Zu all Moment réckgängeg ze maachen: Dir kënnt Är Awëllegung zu all Moment zeréckzéien, an zeréck op d’Verschécke per Post oder E-Mail kommen, ganz no Ärem leschte Choix bei der Gemengerecette.
Gutt ze wëssen
De Link tëscht Ärem MyGuichet-Kont an Äre Gemengerechnungen funktionéiert dank Ärer Matricule. Dës muss korrekt agi ginn, fir vun dësem Service profitéieren ze kënnen.
Dës Optioun gëllt fir all Är Gemengerechnungen.
Eng einfach Demarche, fir e méi séieren a méi ekologesche Service.
Weider op MyGuichet.lu