- Administratioun
- Gemengedepartementer
- Département administratif
- Relations publiques et événementiel
Relations publiques et événementiel
De Service ass verantwortlech fir dat ëffentlecht Bild vun der Gemengeverwaltung. E bekëmmert sech em d’Plangen an d’Organisatioun vun den Manifestatiounen, souwéi d’Relatioune mat de Medien, de lokale Veräiner an de Bierger·innen.
Dëse Service dréit aktiv dozou bäi, datt d’Visibilitéit an d’Bekanntheet vun der Gemeng Stengefort verstäerkt gëtt, dank de geziilte Kommunikatiounsaktiounen an de kulturellen Evenementer an de Sensibiliséierungsmanifestatioun. E garantéiert och déi gutt Gestioun vun de Gemengesäll an dem Material fir d’Evenementer.
D’Missioune vum Service
- déi extern Kommunikatioun vun der Gemeng: Gemengeblieder («de Gemengebuet», «de Schoulbuet», «de Kannerbuet»...), Avisen un d’Bevëlkerung, Pressematdeelungen, sozial Medien an den Internetsite
- d’Relatioune mat der Press an de Medien ënnerhalen a Pressekonferenzen organiséieren
- de Schäfferot betreffend déi intern Kommunikatioun beroden
- Visuell Supporten ausschaffen (Plakater, Flyeren, Broschüren, Schëlter...), am Respekt vun der grafescher Charta vun der Gemeng
- Evenementer organiséieren: Konferenzen, Concerten, Aweiungen, Feieren an aner ëffentlech Manifestatiounen
- déi lokal Veräiner bei der Virbereedung vun hire Manifestatioune begleeden, mat praktesche Rotschléi a logistescher Ënnerstëtzung
- d’Locatioun vun de Gemengesäll an de Kulturzentere geréieren, souwéi d’Zur-Verfügung-stelle vum Material fir Evenementer
- Ausstellungen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn, geréieren, wéi zum Beispill an der Galerie CollART
Kontakt
Myriam Kneip
Relations publiques et événementiel, Cheffe de service
Frédérique Theisen
Relations publiques et événementiel, Chargée de communication
Léna Pyckavet
Relations publiques et événementiel, Chargée événementiel
Jerry Zwank
Relations publiques et événementiel, Chargé événementiel
Maida Hajrovic (Moies)
Relations publiques et événementiel, Graphiste
Maryse Nennig (Nomëttes)
Relations publiques et événementiel, Graphiste