Égalité des chances et vivre ensemble

De Service vun der Chancëgläichheet an dem Zesummeliewe schafft un der Fërderung vun der Chancëgläichheet ënner senge verschiddenen Aspekter a fir en harmonescht a respektvollt Zesummeliewe vun der kultureller Diversitéit an der Gemeng Stengefort ze begënschtegen. Dës Missioun ass ageschriwwen am Kader vun der Europäescher Charta fir d’Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra am lokale Liewen, souwéi am Gemengepakt vum interkulturelle Zesummeliewen («Gemengepakt»).

Eise Service leet ganz besonnesch vill Wäert op d’Inklusioun vu jidderengem, mat spezifescher Opmierksamkeet fir d’Famillen, déi Jonk, déi Eeler, a fir Persoune mat spezifesche Bedierfnesser. Mir gesinn d’Diversitéit wéi e Räichtum a mir engagéieren eis géint de Rassismus an all Forme vun Diskriminéierung, fir aus Stengefort e Modell vun der interkultureller Koexistenz ze maachen.

D’Missioune vum Service

De Service vun der Chancëgläichheet an dem Zesummeliewe këmmert sech ëm follgend Missiounen:

  • déi national a kommunal Politik iwwer d’Chancëgläichheet vun de Geschlechter, d‘interkulturellt Zesummeliewen, d’Jugend, d’Famill an de Benevolat, souwéi iwwer d’Inklusioun an den Handicap ëmsetzen
  • de Suivi vum Gemengepakt iwwer dat interkulturellt Zesummeliewe garantéieren (Bierger-Atelieren, konkret Aktiounen, Evaluatioun)
  • déi lokal Initiativen ënnerstëtzen a begleeden, déi d’Chancëgläichheet an dat interkulturellt Zesummeliewe fërderen, andeem si den Zougrëff op bewäerte Praktiken tëscht deene verschiddene lokalen Acteuren erliichteren
  • eng stänneg Iwwerwaachung iwwer d’Froe vun der Chancëgläichheet, dem Zesummeliewen an iwwer déi sozial Dynamiken an der Gemeng versécheren
  • Rapporten an Avise schreiwe fir déi staatlech Autoritéiten
  • d'Relatioune mat de staatlechen Autoritéiten, de Partnerorganismen an de berodende Gemengekommissioune koordinéieren
  • d’Aschreiwungen op babysitting.lu geréieren
  • eng Politik fir nohaltegen Handel ëmsetzen an de Suivi vum Label «Fairtrade Gemeng» garantéieren
  • Sensibiliséierungs- an Informatiounsmanifestatiounen fir d’Bevëlkerung organiséieren (Ausstellungen, Bierger-Atelieren, Formatiounen)
  • Kommunikatioune fir déi sozial Netzwierker an d’Publikatioune vun der Gemeng schreiwen
  • déi Gewielt an d’Gemengepersonal fir de sozialen Zesummenhalt sensibiliséieren

Kontakt

Sophie Goeders

Service de l'égalité des chances et du vivre-ensemble, Service archives

Jil Thurmes

Service de l'égalité des chances et du vivre-ensemble