Waasseruschlëss

Drénkwaasser

Ouni Verbindlechkeet vis-à-vis vun aneren an dësem Zesummenhang gëllende Rechtsvirschrëfte muss all Gebai, dat Raim fir de méi laangen Openthalt vu Persounen enthält, un dat kollektiivt Waasserversuergungsnetz ugeschloss sinn.

D’Versuergung mat Drénkwaasser iwwer e Pëtz ass verbueden.

All d’Leitungen an d’Uschlëss mussen:

  • ënnerierdesch installéiert ginn,
  • sech op d’mannst 0,80m ënner dem Buedem befannen, Fraschtgeschützt,
  • konform mat de gesetzleche Virschrëften a Reglementer, déi a Kraaft sinn.

Eng Baugeneemegung gëtt nëmmen ausgestallt, wann den Uschloss och duerchféierbar ass.

D’Waasser kënnt vum Netz vum Syndicat des Eaux du Sud (SES) bis op de Beliwwerungspunkt, deen aus de Späichere vun der Gemeng besteet. Vum Waassertuerm Rebierg (SES) aus, ass d’Waasser, dat verdeelt gëtt, zesummegesat aus:

  • Quellwaasser vum SES,
  • a vu behandeltem Uewerflächewaasser, dat vum Stau vun Esch-Sauer iwwer d’Verdeelernetz vum Syndicat intercommunal SEBES kënnt.

Ofwaassersystem, Kanalisatioun

Ouni Verbindlechkeet vis-à-vis vun aneren an dësem Zesummenhang gëllende Rechtsvirschrëften ass den Uschloss un dat kollektiivt Kanalisatiounsnetz obligatoresch fir:

  • all Gebaier, déi Raim fir de méi laangen Openthalt vu Persounen enthält;
  • all sanitär Installatiounen;
  • all Haff, Passage an änlech Plazen, déi duerch e Belag oder eng änlech Beschichtung verfestegt sinn;
  • all Schwämmen, wou d’Waasser mat cheemesche Produkter behandelt gëtt;
  • all onbebaut Terrainen am Gemengegebitt, op deenen sech stoend Gewässer oder Sumpfe bilden.

All Kanalisatiounen an all Uschlëss mussen:

  • ënnerierdesch installéiert ginn,
  • sech op d’mannst 0,80m ënner dem Buedem befannen, Fraschtgeschützt,
  • konform mat de gesetzleche Virschrëften a Reglementer, déi a Kraaft sinn

Et ass verbuede Versickerungsanlagen ze installéieren.

Technesch Installatiounen

Musse konform zu de gesetzleche Virschrëften a Reglementer, déi a Kraaft sinn, a jidderengem vun hiren Deeler ausgefouert ginn:

  • déi néideg technesch Installatiounen, fir d’Versuergung vun Energie an Heizung,
  • d’Installatioun vun Heizung, Klimatisatioun, Beliichtung an Telekommunikatiounen,
  • Feierplazen, Schäffercher an Heizungsanlagen,
  • Dampofzugskanäl, Ofgasleitungen an änlech Installatiounen,
  • Lifter, Monte-chargen an hir Schächt.

D’Leitungen an d’Réier vum Drénkwaasser, vum Stroum an anerer, d’Kanalisatiounsréier, souwéi all d’Uschlëss un déi kollektiv Netzwierker mussen ënnerierdesch lafen.

All technesch Installatiounen, déi néideg si fir d’Versuergung mat Stroum, mussen an de Buedem geluecht ginn, konform mat de Virschrëften a Reglementer, déi a Kraaft sinn. Fir dësen Zweck kënne keng Drénkwaasserleitunge benotzt ginn.