Carte d'identité

Recto et verso de la carte d'identité luxembourgeoise, nouveau modèle

Déi national Identitéitskaart ass den administrativen Identitéits- an Nationalitéitsnoweis vu sengem Besëtzer.

Se ass obligatoresch fir all Persoun vu Lëtzebuerger Nationalitéit, déi méi al ass wéi 15 Joer an an enger lëtzebuergescher Gemeng wunnt.

Fir déi ënner 15 Joer ass d’Identitéitskaart net obligatoresch: se gëtt op Ufro vun engem Elterendeel, deen d’Suergerecht huet, ausgestallt. Mat dëser Kaart brauch déi jonk Persoun ënner 15 Joer kee Pass fir an der Europäescher Unioun ze reesen.

Fir d’Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, ass d’Carte d'identité fakultativ.

Déi Lëtzebuerger Identitéitskaarten si mat engem elektronesche Chip ausgestatt.

Eng Lëtzebuerger Carte d'identité ufroen

Dir kënnt Är Ufro op zwou Plaze maachen: entweder am Biergerzenter op der Gemeng oder am Accueil vu Guichet.lu vum Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE).

Ëffnungszäiten: vu méindes bis freides, vun 9:00 bis 11:30 Auer a vun 14:00 bis 16:00 Auer, oder op Rendez-vous.

  • Dir musst d’Ufro perséinlech maachen. E mannerjäregt Kand (ënner 18 Joer) muss vun engem Elterendeel, deen d’Suergerecht huet, oder vu sengem·r legalen·er Tuteur·rice begleet ginn.
  • Är Foto gëtt direkt op der Plaz gemaach. D’Kanner ënner engem Joer an d’Persoune mat ageschränkter Mobilitéit kënnen eng Foto konform mat den OACI Norme matbréngen.

Bezuelméiglechkeeten

  • per Bankiwwerweisung (am Viraus; bréngt de Beleeg vun der Bezuelung mat) ;
  • iwwer Payconiq (net verfügbar fir Kanner ënner engem Joer oder Persoune mat ageschränkter Mobilitéit) ;
  • online, iwwer myguichet.lu (Mastercard / Visa).

Ausstellung

Är Kaart ass am Prinzip bannent 10 Deeg op der Gemeng verfügbar. Am Noutfall kënnt Dir se an der Receptioun vu Guichet.lu am CTIE ofhuelen.

11, rue Notre-Dame, L-2290 Luxembourg, vu méindes bis freides, vun 8:00 bis 18:00 Auer

  • Dir musst d’Ufro perséinlech maachen. E mannerjäregt Kand (ënner 18 Joer) muss vun engem Elterendeel, deen d’Suergerecht huet, oder vu sengem·r legalen·er Tuteur·rice begleet ginn.
  • Är Foto gëtt direkt op der Plaz gemaach. Dir kënnt och eng Foto vun engem professionnelle Fotograf konform mat den OACI Norme matbréngen.
  • Fir Waardeschlaangen ze vermeiden, kënnt Dir am Viraus e Rendez-vous huelen: iwwer Telefon um 247 82000, oder per E-Mail: [email protected].

Bezuelméiglechkeeten

  • Op der Plaz, oder am Viraus (bréngt de Beleeg vun der Bezuelung mat) ;
  • iwwer Payconiq (net verfügbar fir Kanner ënner engem Joer oder Persoune mat ageschränkter Mobilitéit) ;
  • online, iwwer myguichet.lu (Mastercard / Visa).

Ausstellung

Är Kaart muss an der Receptioun vu Guichet.lu am CTIE ofgeholl ginn.

  • Är al Identitéitskaart oder eng Déclaration de perte ou de vol ausgestallt vun der Police Grand-Ducale oder iwwer myguichet.lu;
  • De Bezuelbeleeg, wann Dir am Viraus bezuelt hutt (zum Beispill, d´Kopie vun der Iwwerweisung).
  • 5 € fir Kanner ënner 4 Joer (gülteg 2 Joer)
  • 10 € fir Kanner tëschent 4 a 15 Joer (gülteg 5 Joer)
  • 14 € fir Kanner vu 15 Joer un (gülteg 10 Joer)
  • 45 € fir eng Kaart, déi an der dréngender Prozedur ausgeliwwert muss ginn (3 Wierkdeeg; am CTIE ofzehuelen)
  • IBAN: LU44 1111 7028 7715 0000
  • Empfänger: TS CE CTIE / Cartes d'identités / B.P. 1111 / L-1011 Luxembourg
  • Code BIC: CCPLLULL
  • Kommunikatioun: Numm/Nimm a Virnumm/Virnimm vun de betraffene Persounen

Den elektronesche Chip an Ärer Identitéitskaart kann aktivéiert gi fir :

  • Är Dokumenter oder Transaktiounen elektronesch ze ënnerschreiwen, mam selwechte Wäert wéi eng handschrëftlech Ënnerschrëft;
  • Iech op eng sécher Manéier bei ville Staats- oder Privatapplikatiounen online unzemellen.

Dir fannt op myguichet.lu méi Informatiounen iwwer déi Lëtzebuerger Identitéitskaart, besonnesch iwwer:

  • De Verloscht, den Déifstall oder d’Zerstéierung vun der Kaart;
  • D’Verwaltung vun den elektronesche Certificate vun der Kaart;
  • D’Ännere vum PIN Code vun Ärer elektronescher Identitéitskaart.

Kontakt

Yves Thill

Biergerzenter, chef de service

Melanie Francisco Da Cruz

Biergerzenter