[INFO CHANTIER - CENTRE DE STEINFORT]

[INFO CHANTIER - CENTRE DE STEINFORT]

Chantiers

LU

Mir maachen Iech drop opmierksam, datt am Zentrum vu Stengefort, am Beräich vum Foussgänger-Iwwerwee virum Gemengenhaus, Ëmbauaarbechten duerchgefouert ginn.

Mat dësen Aarbechte soll de Foussgänger-Iwwerwee esou ugepasst ginn, datt en

  • zougänglech ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit ,
  • méi sécher fir Vëlosfuerer gestalt gëtt an
  • de gëltege Sécherheets- a Barrièrefräiheetsnormen entsprécht.

 

Fir e reiwungslosen Oflaf vum Chantier ze garantéieren, gëtt fir d’Dauer vun den Aarbechten, déi vum 14. bis de 27. Mäerz 2026 virgesi sinn, eng temporär Ännerung vun der Verkéiersféierung agefouert.

An dëser Zäit gëtt de Verkéier am Zentrum vu Stengefort als Eebunnverkéier gereegelt. Zousätzlech gëtt déi maximal zoulässeg Vitesse an der Rue Collart op 30 km/h reduzéiert, an et gi verkéiersberouegend Moossnamen ëmgesat.

De Busarrêt „Steinfort-Gemeng“ gëtt duerch „Steinfort-Al Schmelz“ ersat (Richtung Stengefort ? Klengbetten).

Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis.

***

FR

Nous vous informons que des travaux d’aménagement seront réalisés au centre de la localité de Steinfort, au niveau du passage piéton situé devant la maison communale

Ces travaux ont pour objectif de réaménager le passage piéton afin de le rendre :

  • accessible aux personnes à mobilité réduite (PMR) ,
  • plus sûr et mieux adapté aux cyclistes ,
  • conforme aux normes actuelles de sécurité et d’accessibilité.

 

Afin d’assurer le bon déroulement du chantier, une modification temporaire de la circulation sera mise en place pendant la durée des travaux, prévus du 14 au 27 mars 2026.

Durant cette période, la circulation dans le centre de Steinfort sera organisée en sens unique.

En outre, la limitation de vitesse dans la rue Collart sera fixée à 30 km/h et des mesures de modération du trafic seront mises en œuvre.

L’arrêt de bus "Steinfort-Gemeng" sera remplacé par "Steinfort-Al Schmelz" (sens Steinfort ? Kleinbettingen).

Nous vous remercions pour votre compréhension.

***

EN

We would like to inform you that improvement works will be carried out in the centre of Steinfort, in the area of the pedestrian crossing located in front of the municipal building.

The purpose of these works is to adapt the pedestrian crossing so that it

  • is fully accessible to persons with reduced mobility ,
  • is safer and better suited for cyclists , and
  • complies with current safety and accessibility standards.

 

In order to ensure the smooth execution of the works, a temporary modification of traffic circulation will be implemented for the duration of the works, scheduled from 14 to 27 March 2026. During this period, traffic in the centre of Steinfort will be organised as one-way traffic.In addition, the speed limit in Rue Collart will be set at 30 km/h, and traffic-calming measures will be implemented.

The bus stop “Steinfort-Gemeng” will be replaced by “Steinfort-Al Schmelz” (direction Steinfort ? Kleinbettingen).

Thank you for your understanding.

Publié le 11 mars 2026