Owes-an-Ëmwelt-Maart

Owes- an Ëmwelt-Maart

2022 gouf decidéiert den Ëmwelt-Maart zesumme mam Owes-Maart op der Maartplaz virum Gemengenhaus ze organiséieren. Op engen 30 Stänn fannen sou eis Awunner:innen Produite vun de lokalen Betriber, ëmwelt-frëndlech Produite vu regionalen Entreprisen sou wéi Informatioune vun den interkommunale Syndicaten. Déi éischt Editioun vum dësem gemeinsame Maart war e richtegen Erfolleg!

Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens an enger flotter summerlecher Atmosphär gesuergt, an dat mat flotter Dekoratioun a Beliichtung. Eng Museksgrupp suergt all Joers fir gutt Stëmmung an et ginn Animatiounen fir Kanner ugebueden.

Zanter 2024 ass den Owes- an Ëmwelt-Maart an de Park hannert dem Gemengenhaus geplënnert.

Déi nächsten Editioun ass Freides, den 3. Juli 2026, vun 17:00 bis 23:00 Auer.

Um Programm:
18:00 Auer: Ensemble musical vun der Stengeforter Grondschoul
20:00 Auer: Les Gavroches

Klengen Tipp: Denkt w.g.l. drun Är Öko-Tuut matzebréngen fir Är Akeef!

Transport: Mir bieden Iech wa méiglech op den ëffentlechen Transport zeréckzegräifen.

Kommt a verbréngt e gemittlechen an ëmweltfrëndlechen Owend bei eis zu Stengefort!

2026 Owesmaart FB Header