RÉCKBLÉCK – SCHECKIWWERREECHUNG « MÉI WÉI BÉIERDECKELSGESPRÉICHER »
Services aux citoyens
LU
Dëse Méinden huet am Bierger*Haus zu Stengefort déi offiziell Scheckiwwerreechung am Kader vum Hommage un de Jay Schiltz stattfonnt. De Spektakel "Méi wéi Béierdeckelsgespréicher“ gouf gemeinsam mat de Gemenge Mamer a Stengefort an hire jeeweilegen Kulturkommissiounen am Mee am Kulturzentrum al Schmelz organiséiert
Bei deenen zwou gratis Representatioune sinn d'Schauspiller·inne Monique Melsen, Marcel Heintz, Roland Gelhausen, Clod Thommes a Christiane Kremer an d’Stengeforter Musek fräiwëlleg opgetrueden. Fir dësen Asaz deementspriechend ze honoréieren, hunn d‘Gemenge Mamer a Stengefort zesummen een Don vun all Kéiers 1.500 € u follgend Associatioune gespent, déi dem Jay besonnesch um Häerz louchen:
- Trauerwee asbl
- ZPB – Zentrum fir politesch Bildung
Zousätzlech konnten déi zwou Organisatiounen sech dann nach ee Montant vun 1.792,20 € deelen, Montant deen de generéise Publikum op deenen zwee Owender gespent hat.
D’Zeremonie gouf mat dem traditionellen Éierewäin ofgeschloss an huet eng häerzlech a solidaresch Atmosphär geschaf.
Fir déi, déi de Spektakel "Méi wéi Béierdeckelsgespréicher“ verpasst hunn: Dir fannt en ab elo op eisem YouTube-Kanal!
E grousse Merci geet un all déi, déi matgemaach, gespent oder einfach dobäi waren
***
FR
Lundi dernier, la remise officielle des chèques dans le cadre de l’hommage à Jay Schiltz a eu lieu au Bierger*Haus à Steinfort. Le spectacle « Méi wéi Béierdeckelsgespréicher » avait été organisé en mai au centre culturel Al Schmelz, en collaboration avec les communes de Steinfort et de Mamer ainsi que leurs commissions culturelles respectives.
Lors des deux représentations gratuites, les comédien·ne·s Monique Melsen, Marcel Heintz, Roland Gelhausen, Clod Thommes et Christiane Kremer, ainsi que les musicien·ne·s de Steinfort, se sont produit·e·s bénévolement. Pour saluer cet engagement, les communes de Mamer et de Steinfort ont fait conjointement don de 1.500 € chacune à deux associations particulièrement chères à Jay :
- Trauerwee asbl
- ZPB – Zentrum fir politesch Bildung
En complément, les deux organisations ont pu se partager un montant de 1.792,20 €, généreusement offert par le public lors des deux soirées.
La cérémonie s’est clôturée par le traditionnel verre de l’amitié, dans une ambiance chaleureuse et solidaire.
Pour celles et ceux qui ont manqué le spectacle « Méi wéi Béierdeckelsgespréicher » : il est désormais disponible sur notre chaîne YouTube !
Un grand merci à toutes celles et ceux qui ont participé, fait un don ou simplement été présent·e·s.
***
EN
On Monday, the official donation ceremony in tribute to Jay Schiltz took place at the Bierger*Haus in Steinfort. In May, the show “Méi wéi Béierdeckelsgespréicher” was held at the Al Schmelz cultural centre, organised jointly by the municipalities of Steinfort and Mamer, along with their respective cultural commissions.
During the two free performances, the actors Monique Melsen, Marcel Heintz, Roland Gelhausen, Clod Thommes, and Christiane Kremer performed voluntarily alongside with the musicians from Stengeforter Musek. To honour this commitment, the municipalities of Mamer and Steinfort have jointly donated €1,500 each to two associations that were particularly dear to Jay:
- Trauerwee asbl
- ZPB – Zentrum fir politesch Bildung
Additionally, the two organisations received a shared amount of €1,792.20, generously donated by the audience during the two evenings.
The ceremony concluded with the traditional honorary glass of wine, creating a warm and supportive atmosphere.
For those who missed the show “Méi wéi Béierdeckelsgespréicher”: it is now available on our YouTube channel!
A heartfelt thank you to everyone who participated, donated, or simply joined us!
Publié le 01 octobre 2025