FOTORÉCKBLÉCK – SUMMERDREAM FESTIVAL

FOTORÉCKBLÉCK – SUMMERDREAM FESTIVAL

Culture & loisirs

LU

Den 9. August huet sech dat gréngt Häerz vu Stengefort, de Mirador, zu engem verzauberte Räich vu Musek, gudder Laun a Kreativitéit verwandelt mat der 4. Editioun vum Summerdream Festival. Dat exzellent Wieder an déi vill Visiteuren hunn natierlech och zum Succès bäibruecht.

Tëscht den hypnoteschen Téin vun de geniale Museker mat hire Bands, de subtille Geräischer vun de fantastesche Stroosseku?nstler an den erstaunte Gesiichter vun de Kanner an Erwuessene war all Moment um Summerdream eng Invitatioun, mat oppenen Aen ze dreemen.

Kreativatelieren hunn zum Schmunzelen incitéiert, déi ofwiesslungsräich Spektakelen hunn d‘Häerzer erwiermt, an déi kuscheleg Atmosphär huet Famillen a Frënn an engem Dekor wéi aus engem Summermärchen zesummebruecht. Et war de liewege Concert vun der Hunneg-Strëpp deen dëse mageschen Owend zu Enn bruecht huet.

E grousse Merci un all déi, déi dës Manifestatioun zu engem onvergiesslech Dag voller wäertvoller Erënnerunge gemaach hunn. A wann Iech dës Editioun gefall huet… bereet Iech vir, dësen Zauber och d‘nächst Joer nees ze erliewen.

***

FR

Le 9 août, le Mirador, cœur vert de Steinfort, s’est transformé en royaume de musique, de rires et de magie à l’occasion de la 4e édition du Summerdream Festival. Le beau temps et la présence de nombreux visiteurs ont naturellement contribué au grand succès de cette manifestation.

Entre les notes envoûtantes des musicien·ne·s, les éclats de voix des artistes de rue et les yeux émerveillés des enfants et adultes, chaque instant du de ce festival était une invitation à rêver les yeux grands ouverts.

Les ateliers créatifs ont fait éclore des sourires, les spectacles variés ont captivé le public, et l’ambiance chaleureuse a réuni familles et ami·e·s dans un décor digne d’un conte d’été.

Merci à toutes et tous d’avoir partagé cette journée inoubliable avec nous. Et si vous avez aimé cette édition… préparez-vous à revivre la magie l’année prochaine.

***

EN

On 9th August, the Mirador - Steinfort’s green heart - was transformed into a kingdom of music, laughter and magic for the 4th edition of the Summerdream Festival. The beautiful weather and large number of visitors naturally contributed to the event great’s success.

Between the enchanting notes of the musicians and their bands, the lively voices of the street performers and the wide-eyed wonder of children and adults alike, every moment of this festival was an invitation to dream with your eyes wide open.

Creative workshops brought smiles to faces, a variety of shows captivated the audience, and the warm atmosphere brought families and friends together in a setting worthy of a summer fairy tale.

Thank you all for sharing this unforgettable day with us. And if you enjoyed this year’s edition... get ready to relive the magic next year.

***

Copyright photos: Dan Mailliet

Publié le 13 août 2025