GEWËNNER VUM SKULPTURE CONCOURS

GEWËNNER VUM SKULPTURE CONCOURS

Culture & loisirs

LU

De Gewënner vun der 6. Editioun vum Skulpture Concours, dee gemeinsam organiséiert gëtt vun der Gemeng Stengefort an Aktikulti asbl, gouf viru kuerzem bei enger Receptioun matgedeelt. Et ass de lëtzebuergesche Kënschtler Gérard Claude, dee mat senger Skulptur "GrenzGras(en)" de Jury iwwerzeegt huet. Dës soll fir Juni 2024 am ZARO zu Grass installéiert ginn.

D’Konschtwierk besteet aus 8-Meter héischen dënne stole Staangen déi Grashalmen solle representéieren, de Numm Grass kënnt vu Gras. D’Grenz mat der Belsche gëtt stilistesch duerch eng rout horizontal Linn symboliséiert. D’Skulpture gëtt aus Corten gemaach fir op d’Stolvergaangenheet vun der Gemeng ze erënneren. Spadséiergänger kënnen sech gären um rouden Deel setze fir ze raschten.

Felicitatiounen un de Gewënner an un all déi talentéierte Kënschtler déi beim Concours matgemaach hunn!

***

FR

Le gagnant de la 6e édition du concours de sculpture, organisé conjointement par la commune de Steinfort et AKTIKULTI, a été récemment annoncé lors d'une réception. C'est l'artiste luxembourgeois Gérard Claude qui a impressionné le jury avec sa sculpture "GrenzGras(en)". Celui-ci devrait être installé pour juin 2024 au ZARO à Grass.

L'œuvre d'art se compose de minces poteaux trapus de 8 mètres de haut qui sont censés représenter l'herbe, le nom du village de Grass venant de l'herbe. La frontière avec la Belgique est stylistiquement symbolisée par une large horizontale courbée rouge. La sculpture sera réalisée en fer Corten pour rappeler le passé sidérurgique de la commune. Les promeneurs peuvent s'asseoir sur la partie rouge pour se reposer.

Toutes nos félicitations au gagnant ainsi qu’aux talentueux artistes qui ont participé au concours !

***

EN

The winner of the 6th edition of the sculpture competition, organised jointly by the municipality of Steinfort and AKTIKULTI, was recently announced at a reception. The Luxembourg artist Gérard Claude impressed the jury with his sculpture "GrenzGras(en)". This is to be installed for June 2024 at ZARO in Grass.

The work of art consists of thin, stubby, 8-metre high poles that are supposed to represent grass, the name of the village of Grass coming from grass. The border with Belgium is stylistically symbolised by a wide, curved red horizontal. The sculpture will be made of Corten iron to recall the town's steelmaking past. Walkers can sit on the red part to rest.

Congratulations to the winner and all the talented artists who entered the competition!

Publié le 07 mai 2023