Den Nationalen Dag vum Bam an der Gemeng Stengefort

Den Nationalen Dag vum Bam an der Gemeng Stengefort

Culture & loisirs

Beem fir d’Kanner an en Don un d’ASTM

D’Planze vu Beem fir neigebuere Kanner huet schonn eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg an esou och an der Gemeng Stengefort. Den 21. November 2021 huet de Schäfferot dowéinst am Kader vum nationalen Dag vum Bam zesumme mat de Kanner déi an de Joren 2015, 2016 an 2017 gebuer goufen, zu Hoen op der Spillplaz beim Jugendhaus dräi Beem geplanzt.

Bei dëser Planzaktioun hunn d’Kanner selwer eng Hand mat ugepakt fir an hirer Gemeng fir eng besser Liewensqualitéit ze suergen: Mat Händchen a Schëppen ausgererüst ware ronn 35 Kanner am Asaz an hunn een décken Nëssert an zwee Kiischtebeem an de Buedem gesat. D’Freed war grouss a sou huet och de Snack deen et beim Patt gouf gutt geschmaacht: passend zu de geplanzten Uebstbeem goufen et saisonal Bieren an Appel aus biologescher Produktioun.

Mat dëser Aktioun sollt déi wichteg Roll vu Beem fir eise Klima, eis Natur an eist Wuelbefannen ënnerstrach ginn. Beem produzéiere Sauerstoff dee mir ootmen a banne Kuelestoff, wat wichteg ass fir dem Klimawandel entgéint ze wierken. Si bidden awer och ee Liewensraum fir z. B. Vullen an Insekten, duerch hier Verstoppméiglechkeeten, hier Bléien an hier Friichten. Och fir eis Mënsche bidde Beem Schied am Summer a senken d’Temperatur an der Stad an am Duerf.

Ausserdeem hunn Klimawandel an Naturschutz eng global Bedeitung, dofir huet d’Gemeng Stengefort decidéiert fir all Kand een Don vu jeeweils 20 € un ee Projet am Togo ze maachen deen ënner anerem zum Zil huet, bei lokale Baueren agro-ekologesch Praktiken ze ënnerstëtzen an esou d’Ofholze vun hire Bëscher ze reduzéieren. Insgesamt koumen sou fir dëse Kooperatiounsprojet vun der "ASTM - Action Solidarité Tiers Monde", enger lëtzebuergescher ONG, 3080 € zesummen.

 

 

 

 

Publié le 23 novembre 2021