Retour au listing

Visite vum Tourismusminister Lex Delles an der Gemeng - 31.07.2020

E Freideg de Mëtteg (31.07.2020) war de Mëttelstand- an Tourismusminister Lex Delles bei eis zu Stengefort op Besuch. Bei engem flotten Trëppeltuer duerch d’Gemeng sinn de Schäfferot an de Fierschter Marc Parries op d’Geschicht vun der Gemeng, aktuell Projeten an och zukünfteg Visiounen (ewéi zum Beispill d’Vëlospiste déi Klengbetten, Hoen a Stengefort verbanne soll) agaangen. Zesummen mat de Partner ORT an Leader Lëtzebuerg West gouf gekuckt wéi Stengefort an der Entrée vum Äischdall säin touristescht Potential weider nëtze kann.

Ugefaangen huet den Tour am Gemengenhaus an huet dunn duerch de Parc laanscht d’Villa Collart, iwwert de Mirador bei de Kloterpark gefouert.

Beim Mirador ass de Fierschter ënnert anerem op déi vill flott Summeraktivitéiten vun de verschiddenen Naturschutzzentren agaangen. Dës ware moies schonn a Presenz vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am Detail virgestallt ginn:

Am Kloterpark « Steinfort adventure » gouf de Grupp vun de Responsabelen Kris Kayser a Guy Carl empfaangen. Hei krut hien erkläert datt d'Sécherheet absolutt Prioritéit vum Parc ass. Dofir gouf bei der Reouverture am Joer 2017 a fonkelneit Equipement investéiert.

En Helm souwéi ee Ganzkierpergurt sinn hei Fliicht. Bei dësem spezielle Gurt ass am Géigesaz zum klasseschen Equipement, wat nach op villen anere Plaze genotzt gëtt, eng zousätzlech Manipulatioun noutwendeg. Ee vun deenen zwee Sécherheetskreep mat deenen e fixéiert ass kann een eréischt dann entsécheren, wann deen anere Krop definitiv zou ass. Dëst bréngt eng maximal Sécherheet mat sech, esou datt een déi 10 verschidde Parcoursen mat hiren 91 Atelieren mat engem gudde Gefill beklamme kann.

www.steinfort-adventure.lu

D’Visite gouf bei engem Eierwäin a klengem Kader ausklénge gelooss.