Associations locales

Entente des sociétés de la commune de Steinfort, asbl

Logo Entente

D’Entente vun den Veräiner vun der Gemeng Stengefort ass gegrënnt gin fir alleguer Veräiner aus der Gemeng ze ënnerstëtzen an allgemeng fir an hirem Interêt een direkte Lien mat der Gemeng ze maachen.
Leit déi sech am Benevolat wëllen engagéieren gin och vun der Entente ënnerstëtzt.


L’Entente des sociétés de la commune de Steinfort a été fondé pour soutenir toutes les associations de la commune et en général de réaliser, dans leur intérêt, un lien direct avec la Commune.
Les personnes qui voudront s’engager au bénévolat seront également soutenu par l’Entente.

Kontakt

Madame Hortense Ostach
32B, rue Principale
L-8365 HAGEN
Tel. : +352 691 642 779
Mail :

Facebook


Äischdall Alphornbléiser

Aischdall

D’Äischdall Alphornbléiser sinn am Hierscht 2011 gegrënnt ginn , deemols ënnert dem Numm Alphorntrio. Mir blosen fir kierchlech Feieren , private Fester oder aner Manifestatiounen traditionnell Melodien an och eege Kompositiounen.

Eis Ekipp besteet de Moment aus 5 Musikanten a mir prouwen esou wéi d‘Memberen disponibel sinn.  Mir giffen eis freeën fir nach Verstäerkung ze kréien.

Aischdall foto

Kontakt

Remy ZAHLEN
23, rue Pierre Stein
L- 5869 Alzingen     
Tel. : 36 53 93   
Mail :

Facebook


AKTIKULTI

Logo Aktikulti

Aktikulti A.s.b.l., bitt zanter 2001 Konscht-Projeten un, déi Solidaritéit a Kreativitéit verbannen. Mir fërderen d’Begéinung vu Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat Konscht, Kultur an Natur. Jidderee gëtt dobäi agelueden sech mat Faarwen, Formen, Materialien an och mat Téin auserneen ze setzen. Ënnert anerem léisst Aktikulti um Site « Hinter der Berk » fantasievoll, kreativ Konschtwierker entstoen an ausstellen (Zoo am Bulli, Blue Up, Setz Dech, Do ré mi Art, Gemustert, Que ça Schof….).

Mir organiséieren de Skulptureconcours fir d’Gemeng Stengefort, Konscht- a Kreativatelier’en fir Grouss a Kleng an enner anerem d’Luuchtinstallatioun am Bësch fir de Summer Dream Festival.

Aktikulti riicht och regional Ausstellungen aus, wéi z.B. d‘Stone Box 8, op ongewéinleche Plazen, mat renomméierte Kënschtler.

Maacht gäre bei eis mat!

Aktikulti-Weierfest-2013-2-scaled Aktikulti 2023 web-1907

Kontakt

Mail :

Facebook


Amicale du Centre d'Incendie et de Secours Steinfort / CIS Steinfort-Koerich

CISST.LU LOGO

Als CIS Stengefort-Kaerch ennerstinn mir dem CGDIS a sinn prett fir de Leit an Nout ze hëllefen, dëst komplett op fraiwëlleger Basis a primär um Terrain vun de Gemengen Stengefort a Kaerch mee och doriwwer eraus am Pompjeeswiesen wei och mat den Ambulanzen. Desweideren huelen mir als Verain u sämtlechen Aktivitéiten an der Gemeng deel an organiseiren e.a. e Kniddelowend, de Vintage Cars & Bikes an hun e Chalet um Chrëschtmaart. Niewenbai encardreiren mir nach eng Jugendekipp tëscht 8 a 16 Joër fir se op den Asaatzdingscht firzebreeden.

Bei allem kënnt de Spaass bei eis net ze kuerz a mir fueren regelmeisseg op en Ausfluch resp. organiseiren en Iessen zesummen. 

IMG 5232 IMG 3812

Kontakt

Tel. +352 49771 - 3743

Mail:

Übungen: Freides Owes 20h00 mat firegter Umeldung

www.cisst.lu

Facebook
Instagram


Amiperas Sektioun Stengefort

AMIPERAS steet fir «Amicale des personnes retraitées, agées ou solitaires».

Eis Zilsetzung ass fir duerch bestëmmten fräiwëlleg  Aktivitéiten e frënschafleche Kader ze schafen fir eise Matmënschen ze hëllefen net an eng sozial Isolatioun ze kommen. Heirënner versti mer z.B. gemittlecht Zesummesinn mat Gesellschaftsspiller, Dagesausflich, Keelennomëtteger, Grill-Fest, Niklosfeier, asw.

Kontakt

Mail :
GSM : 691 395 295

oder

Mail :
GSM : 691 529 015

Al Schoul
16, rte de Luxembourg
L-8440 Steinfort


Association des chrétiens de la commune de Steinfort

Eise Veräin huet als Zil déi kathoulesch Relioun an der Gemeng Stengefort ze ënnerstëtzen.

Kontakt

Mail:

 


Athletico Steinfort asbl

LOGO

Notre club a été constitué en 1960 en tant que société athlétique et gymnastique. Au fil des ans, le volet athlétique a disparu et aujourd’hui, nous sommes un club de gymnastique avec à peu près 200 membres actifs. Le 8 mars 2005, nous nous sommes constitués en société asbl. Nous serions contents si vous vous laissiez tenter par notre site et pourquoi pas devenir membre de l’Athletico Steinfort asbl.

Si vous souhaitez devenir membre de l’Athletico Steinfort, écrivez-nous simplement à . Nous vous ferons parvenir un formulaire à remplir en fonction de l’âge du nouveau gymnaste. Référez-vous à notre horaire d’entraînement sur http://www.athletico-steinfort.com/horaires.htm. Une journée porte ouverte est organisé chaque année en juin/juillet. 

 DSC4132 recadre resized  DSC4153 resized

Kontakt

(générell Froen)
(fir aschreiwungen)

http://www.athletico-steinfort.com/

Facebook


Cercle d’Echecs Steinfort

Logo cercle échecs

Den Cercle d’echecs Steinfort ass en Veräin an dem Schach gespillt get.Schach ass e strategescht Spill bei dem zwee Spiller abwechselnt Schachfiguren op engem Schachbriet bewegen.Ziel vum Spill ass et den Geigner schachmatt se setzen,an dem sein Kineg sou ugegraff ass datt desen weder eng Ofwiehr nach eng Fluchtmeiglechket huet. Haut ass Schach vum internationalen Olympeschen Komitee als Sport unerkannt.Eisen Veräin gouf 1975 gegrennt ann ass Member vun der FLDE (Schachfederation) an der FIDE (Weltverband). Onsen Club huet aktuell eng eischt Equipe dei an der 2 Division op 6 Brieter spillt.

Interresseiert Leit kennen all Donneschten ab 18 Auer op Klengbetten an onsen Spillokal kommen.
Soulang én keng offiziell Tournoien matspillt brauch én keng Lizenz an et kascht naischt.

échecs Sportsdag-Schach-35

Kontakt

Georges Friederes
Mail :
Tél. : 26300626 ou 621 188824

Marcel Klein  
Mail :
Tél. : 390434 ou 691 390434

Horaires des entrainements: Tous les Jeudis de 18:00 à 21:00 heures

Lieu de l’entrainement: Salle communale rue de la Gare L-8380 Kleinbettingen


Chorale Ste Cecile Steinfort

Jorelaang gouf an der Kierch zu Stengefort gesong a Musék gemeet, mee eréischt de 4.Dezember 1963 gouf ënnert dem Numm „Chorale Ste Cecile Stengefort“ offiziell e gemëschte véierstëmmege Chouer gegrënnt.

Zil an Zweck vum neie Veräin war an ass och nach haut d‘ Kultivéierung vum Kierchegesank a vum weltleche Gesank.

Mir verschéineren haaptsächlech d‘ Sonndesmassen, d‘ Gottesdéngschter vu kierchlechen a weltlechen Feieren, vun Hochzäiten a Begriefnisser. Vun Zäit zu Zäit stinn och weltlech Concerten um Programm. Besonneschen Héichpunkt vum Joer ass   d‘Tëleesmass, déi op RTL.dok iwwerdroe gëtt.

Eis Prouwen sinn méindes vun 19.30 – 21.00 Auer an der „aler Schoul“ oder an der Kierch vu Stengefort.

Kontakt

MANGEN Josée-Anne
BP 52
L-8401 Steinfort
Mail :
Tél : 691 52 90 15


Club de pétanque A Rifat

Logo A Rifat

Créé en 2010 par une bande de copains, notre club de pétanque s’est structuré au fil du temps et est devenu un des clubs les plus actifs au sein de la commune de Steinfort.

Comptant une quarantaine de joueurs actifs et engagés en compétition officielle, notre club a vocation tout d'abord de donner une ouverture tant à la jeunesse qu'aux personnes riches d'expériences.

En effet, nous essayons toujours de faire évoluer ce beau petit monde en tenant compte de la dimension transgénérationnelle.

Vous avez envie de passer du bon temps dans un sport ouvert à toutes et tous, faisant appel tant à l’adresse qu’à la stratégie ?

Que ce soit pour venir jouer en mode « loisir » quand vous avez le temps et qu’il fait beau temps ou alors jouer en mode compétition, vous trouverez votre place chez nous.

Nous nous ferons un plaisir de vous accueillir.

20220815 180553

Kontakt

Franco Longhino / Président
Mail :
Tél : +352 691 450 100

Vincent Wegnez / Vice-Président
Mail :
Tél : +352 691 39 55 39 

Heures d'ouvertures du site :
De fin mars à fin octobre : ouvert du mardi au vendredi de 16.00 à 20.00

Entraînement : s'informer par mail ou téléphone svp.

Rencontre amicale :
- chaque année le jeudi de l'ascension, tournoi amical ouvert à tout le monde : plus d'infos, demander par mail svp.

www.petanque.lu

Facebook


Futtballclub Stengefort

Futtballclub Stengefort

Den FC Stengefort ass een Futtballs Veräin wou jidwereeën Welkomm ass. An dat schon zenter 1923

Eng Futtballs Lizenz kann een kréien vun 5 Joer un. Mir hun stand 2022 +- 140 Kanner.

Eng Entente hun mir och mat der Alliance Äischdall (Habscht/Äischen) bei verschidden Katégorien.

Minimes * Cadets * Juniors vun 13 Joer bis 18 Joer

Futtball Ekipp

Kontakt

Futtballclub Stengefort
8,rue des Sports
L- 8449 Steinfort

Kontakt Seniors an Juniors alles ab 16 Joer:
Patrice Schmit
Mail :
GSM : +352 691 390 392

Président & Directeur sportif cadre seniors
Guy Nilles
Mail :
GSM : +352 691 135 779

Kontakt vir Jonk Spiller ab 5 bis 16 Joer
Rafael Gomes
Mail :
GSM : +352 691 250 889

Facebook
Instagram
 


Gaart an Heem Hoen a.s.b.l.

Logo Gaart an Heem Hoen

Dëse Veräin ass 1956 gegrënnt ginn. Hien ass Member bei der Lëtzebuergescher Ligue vu Gaart an Heem.

Den Zweck vum Veräin ass et fir senge Membere d‘Gaardenaarbecht méi no ze bréngen an hinne mat Rot an Dot a gaardebauleche Froen zur Säit ze stoen. Eis Memberen kréien eng intressant Gaardenzäitschrëft an si kënnen un enger Rei vu Kursen zum Thema Gaart deelhuelen.

Eis Sektioun organiséiert verschidden Aktivitéite: d‘Familljefest, Mammendagsfeier, Pappendagsfeier, e Fräizäitmaart, asw. Des Fester fannen zum gréissten Deel am Hispic zu Klengbetten statt.

Eis Méindesmoler trëffe sech am Prinzip all Méindeg Owend am Pompjeessall zu Hoen fir hiren Hobbyen, dem Molen an Handaarbechten nozegoen.

De Comité ass duerch den Daniel Frieden, President, de Jacques Muller, Sekretär an den Armand Lanners, Trésorier vertrueden.

 Wann de Veräin iech interesséiert,  da mëllt iech bei engem Member vum Comité!

Kontakt

Gaart an Heem Hoen
Mail :


Harmonie Kleinbettingen a.s.b.l.

Logo Harmonie Klengbetten

D' Klengbettener Musek gouf den 30. August 1894 vun Eisebunner an Douanieren ënnert dem Numm "Musik-, Gesang- und Feuerwehrverein Bettingen" gegrënnt. 1968 krut d’Musek den Numm Harmonie Kleinbettingen an ass säit 2006 eng ASBL.

Insgesamt zielt d‘Musek ëm déi 100 Memberen a spillt säit 2001 ënnert der Leedung vum Rob Köller. Freides owes gëtt ëmmer am Musekssall zu Klengbetten (rue du Moulin) geprouft fir sech op déi verschidde Concerten a Cortègen am Laf vum Joer virzebereeden. Ervirzehiewen ass hei de Show-Concert am November, bei deem extra Themen a Genren aus der Museksgeschicht presentéiert ginn. Mat Ënnerstëtzung vu Kolleege spillen d‘Musekanten och erëm säit 2016 (ëmmer am Mäerz) Theater.

Des Weideren organiséiert d’Musek an Zesummenaarbecht mat der Gemeng ëmmer den éischte Weekend am September den „Dag bei der Baach“ (fréieren „Dag um Weier“), bei deem Grouss a Kleng e flotte Weekend zu Stengefort kënnen erliewen.

HarmonieKlengbetten

Kontakt

Mail : 
Tel. : 691 840 477 (Jeff Kaufmann)

Prouwen: Freides 19h30-21h30

https://hklb.lu/

Facebook
Youtube

 


Foto- Cinéclub OBJECTIF 2001 Stengefort

Objectif

Den Fotoklub besteet schon zenter den 1970er Joeren. Mir hun regelmeisseg eis Klubtreffen an der Villa Collart zu Stengefort um 2te Stack (Lift). An eisem Klubraum hu mir 2 leeschtungsstark Computeren, eng A3 Fotoimprimante, en Dia/Fotoscanner, en S8 Scanner asw.

KLUBTREFFEN sinn am Prinzip all 14 Deg no Invitatioun per Mail.

Kontakt

Villa Collart, 2e Stack
15, Habschterstrooss, Stengefort

Kneip Romain, President

Frieden Dan, Sekretär / Trésorier

Sidd Dir interesseiert eis kennen ze léieren a bei eis mat ze maachen da scheckt eis e Mail op:


MCCL - Master Computer Club Luxembourg

Logo MCCL

Mir reparéieren op der Plaz all Zorte vun informatesche Material a beroden eis Visiteure bei eventuelle Problemer. Des Servicer si gratis.

Desweiddere verkafen oder tausche mir op eisem Floumaart "refurbished" Computermaterial.

An eiser Kaffisstuff gëtt et eng Taass Kaffi an eng Mëtsch.

IMG 20230212 104715

Kontakt

Romain Karier, Sekretär

https://www.mccl.lu/


Péckvillercher Hoen-Klengbetten (Kanner- a Jugendchouer)

packvillchen2

Mir sinn e Kanner- a Jugendchouer. Ab 5 Joer kënnen d’Kanner bei eis ufänken, no uewe gëtt et keng Altersgrenz.

Eise Veräin gouf offiziell am November 1974 ënnert dem Impuls vun e puer Léierpersounen gegrënnt. D’Péckvillercher hunn sech zu engem aktive Veräin entwéckelt a goufen zu engem Acteur aus dem kulturelle Liewen an der Gemeng.

Haut steet eise Chouer ënnert der Direktioun vum Pia Elvinger, enger engagéierter Dirigentin, déi et versteet d’Kanner fir de Gesang ze begeeschteren. Zu eisen Aktivitéiten ziele Concerten, op eiser eegener Bün oder mir sangen als Gaascht z.B. um Chrëschtmaart zu Stengefort oder am HIS, d’Familljemetten an e Fréijoersconcert. Fir d’Hoener Kiermes steet den Hämmelsmarsch um Programm, Ouschtere fierwen a verkafe mer Ouschtereeër.

Als Ofschloss maache mir e gemeinsamen Ausfluch.

Interesséiert Kanner kënne sech zu all Moment mellen oder eng Kéier Samschdes Moies an eng Prouf luusse kommen.

bfa48457-ad28-4bd6-8921-78cea213c692

Kontakt

Line Christophe (Sekretärin)
Tél. : 621 814 813 oder
Pia Elvinger (Dirigentin)
Tél. : 621 795 977
Mail:

Prouwe si Samschdes Moies ausserhalb vun de Schoulvakanzen am Pompjeessall zu Hoen (15, rue de l’Ecole), vun 10h30-12h00 (an 2 iwwerlappenden Altersgruppen)

Facebook


Rido85 asbl

Logo Rido 85

De Rido 85 gouf den 28. Juni 1985 vun enger Rei Theaterbegeeschterter aus der Gemeng Stengefort gegrënnt. Et ass eng asbl déi virun allem Theaterstécker opféiert, déi d’Publikum ënnerhalen. D‘ Ziel ass de Leit Spaass um Theater ze vermëttelen. De Rido 85 huet 1 Mol am Joer iwwert 2 Weekender seng Opféierungen. De Grupp besteet zur Zäit nëmmen aus Amateuren. Intresséierter kënnen sech gäre bei ons mellen!

rido

Kontakt

Nicole Tomasina
Tel.: +352 621 288 885
Mail:

Facebook


Stengeforter Deckelsmouken asbl

Logo DS

Mir sinn d’Stengeforter Deckelsmouken!

Eise Grupp ass 2005 gegrënnt ginn, a no enger Rëtsch Formatiounen bidd eis Cheffenekipp zënter September 2007 de Kanner Encadrement. Haut huet eise Grupp iwwer 60 Memberen a mir freeën eis iwwer vill Engagement am Grupp, sou wéi iwwer all Kand, Chef oder Comitésmember, deen interesséiert ass fir matzemaachen.

Eis Cheffen encadréiere Kanner ab 5 Joer a verschiddene Branchen. Ab dem Alter vu 16 Joer kann een och selwer als Chef an enger Branche aktiv ginn an un deene verschiddene Formatioune vun der FNEL deelhuelen.

Wann Dir also Loscht hudd eng Kéier bei eis laanschtzekommen, dann zéckt net a mellt Iech bei eis!

Entdeck d’Welt vun de Scouten:

  • Frëndschaft, Spill a Spaass, Respekt an Toleranz
  • Verantwortung iwwerhuelen, zesummen plangen a schaffen
  • Liewen an a mat der Natur
Foto Grupp DS 2023 Foto Cheffen DS

Kontakt

Stengeforter Deckelsmouken asbl
FNEL Scouten a Guiden vu Stengefort

5, rue du Cimetière
L-8413 Steinfort

GSM : + 352 621 399 334
Mail :

Di verschidden Branchen a wéini mir eis treffen:

Beaver (5-7 Joer)
Wëllefcher (8-10 Joer)
Scouten a Guiden (11-13 Joer)


Samschdes vun 14-16 Auer

Explorer (14-15 Joer) 2 mol am Mount
Rover (16-20 Joer) an Tembo (fir déi iwwer 20-Jähreg)

Häerzlech Wëllkomm sinn och jonk Léit vun 16 Joer un, déi sech als Chef engagéieren wëllen

Internet

Facebook

Instagram


Stengeforter Musek a.s.b.l.

Visibilitéit vun de Veräiner Stengeforter Musek logo

D’Stengeforter Musek gouf 1910 gegrënnt. Ronn 40 Musikante spillen ënnert der Direktioun vum Laurent Bauvin, engem a Musekskreesser beschtbekannten Trompettist.

D’Musek ass bei ville lokale Manifestatiounen a Fester, wéi zum Beispill der 1. Mee Feier, Kommunioun, Nationalfeierdag, Kiermes, Journée Commémorative, Pressiounen a Chrëschtmaart, dobäi.

E puer Mol am Joer gëtt d’Stengeforter och fir Concerte vun anere Museksgesellschaften vu Lëtzebuerg an aus dem noen Ausland invitéiert.

D’Stengeforter Musek spillt all Joer hire Galaconcert, e Summerconcert an ass Matorganisateur vun der Kiermes a vum Chrëschtmaart.

Am Prinzip gëtt, ausser an de Schoulvakanzen, all Donneschdeg um 19:30 Auer zu Stengefort am Musekssall, Klengbettenerstrooss 20 geprouft.

Spillt Dir Musek ? Hutt Dir fréier Musek gespillt a wëllt erëm domat ufänken ? Da mellt Iech w. e. g. op eiser E-Mail-Adress. Mir freeën äis iwwer all Museker an all Fräiwëllegen déi bei äis am Comité matschaffe wëllen oder äis bei eise Manifestatiounen hëllefe wëllen.

Visibilitéit vun de Veräiner Stengeforter Musek Gala 2022

Kontakt

Stengeforter Musek a.s.b.l.
20, Klengbettenerstrooss
L-8436 STEINFORT

LINSTER Roland
Sekretär
6, rue Maria Teresa
L-8448 STEINFORT
GSM : + 352 691 370 744
Mail :

Mail :
Tel. : + 352 39 75 48

Prouwen a Rendezvouszäiten :
Donneschdes, vun 19:30 bis 21:30 Auer, ausser an de Schoulvakanzen

Facebook


Taekwondo-Club Stengefort ASBL

logotkd pe

Taekwondo (Koreanesch 태권도) oder kuerz TKD ass eng koreanesch Kampfkonscht (olympesch Disziplin zënter 2000) déi dacks als Kampfsport praktizéiert gëtt. Déi dräi Silbe vum Numm sti fir Fousstechnik (Tae), Handtechnik (Kwon) a Wee (Do). Och wann Taekwondo vill Ähnlechkeete mat aneren asiatesche Kampfkonscht deelt, ënnerscheet et sech vun hinnen op e puer Schlëssel Punkten. D'Taekwondo Technik ass fir Geschwindegkeet an Dynamik entworf, wat net zulescht wéinst der Competitioun ass. Am Taekwondo dominéieren d'Fousstechnike méi kloer wéi a vergläichbaren anere Kampfsport Aarten.

Dës koreanesch Kampfkonscht bitt eppes fir d'ganz Famill.

TKD ass déi ideale Balance fir de Stress aus dem Alldag ze reduzéieren. Am TKD trainéiert een de ganze Kierper, fërdert d'Konzentratioun, d'Selbstvertrauen, d'Selbstdisziplin, d'Konditioun, d'Ausdauer a bitt eng Selbstverdeedegung déi extrem effektiv ass.

D'Lektioune ginn ënner der Leedung vun ENEPS zertifiéierten a qualifizéierten Trainere geleet. Mir hunn eng Sektioun fir Kanner an Erwuessener.

TKD poomsae

Contact

Mail :

Instructeur:
Norbert Welu, 6ième Dan, moniteur ENEPS

Dojang adresse :
Hall sportif Centre Roudemer
7a, rue de Hagen
L-8421 Steinfort

Norbert Welu
1a, rue de l’école
L-8358 Goeblange

Tél. : +352 50 41 41
GSM : +352 621 276 333

Horaires enfants :
Mercredi et vendredi : 17h00 – 18h00
(2x à Steinfort)

Horaires adultes :
Vendredi  à Steinfort:     20h00 – 22h00
Mardi à Lintgen (MR) :  18h00 – 20h00

http://www.tkd-stengefort.lu/

Facebook
Instagram


TC Steinfort

Logo TC Steinfort

Verein – Grennungsjoër: 1970
◦ 4 Terrains outdoor (‘terre battue’)
◦ 2 Terrains indoor (‘terre battue’)
◦ approx. 110 Kanner an der Tennisschoul
◦ aktiven Membre vun der FLT
◦ regelmeissesch Organisator vun offiziellen Tournoien (national an international):
▪ durchschnettlech 6 national Tournoien
▪ 1 internationalen Tournoi – Tennis Europe pro Joër seit 2008 (ausser COVID-Joër)
◦ Interclubs: 1. Damenéquipe an der National I an 1. Härenéquipe an der National II.
◦ Regelmeissesch Organisation vun ‘soirées à thèmes’ (Chili con Carne, Couscous,…)

Foto Tennis

Kontakt

Mail :

Trainingszeiten vun der Tennisschoul: all Daag Nomëttes

https://www.tcsteinfort.lu/


União motoristas portugueses no Luxemburgo

LOGO ASBL

L'asbl Union des chauffeurs portugais au Luxembourg a été créée début 2020 par un groupe d'amis qui partagent le même métier et la même passion.

Son objectif principal est d'accompagner les chauffeurs professionnels au Luxembourg, ainsi que d'aider les chauffeurs qui viennent d'arriver au Luxembourg dans leur insertion sociale et professionnelle, quel que soit leur pays d'origine.

Sem título-1

Contact

Mail : vribeiro.umplux@gmail.com
GSM : +352 691 53 60 91 

Par téléphone du lundi au vendredi - 9h00 / 18h00
En personne sur rendez-vous : Samedi - 10h00 / 17h00

Facebook


Vintage Cars & Bikes Mechanical Freaks Steinfort asbl

Logo Mechanical Freaks

Mechanical Freaks ass een Club wou alleguerten Leit déi un Young- an Oldtimer interesséiert sin sech kennen austauschen.
D’Haaptaktivitéit vum Veräin ass d’organiséieren vun der Bourse an Ausstellung vun aalen Gefierer, dem Vintage Cars & Bikes deen all Joer am August zu Stengefort stattfënnt.
Et zielen awer och ganz flott Ausflich zu den Aktivitéiten vum Veräin (Visiten vun aneren Bourssen, Ausstellungen), wou Memberen alleguer zesummen hier Passioun fir déi al Gefierer deelen kennen.

Mechanical Freaks est un club de collectionneurs et de passionnés de vieille mécanique.
A part le Vintage Cars and Bikes Steinfort, qui compte en tant qu’évènement principal, nous organisions également des excursions ainsi que des participations à des bourses dédiées et ce au niveau national mais aussi international.

Vintage IMG 6172

Kontakt

Monsieur Guy Laroche
83, rue de Kleinbettingen
L-8436 STEINFORT
Tel. : +352 621 153 311
Mail :

http://www.vintage-steinfort.lu/


Volleyball Club Stengefort

Präsentatioun VC Stengefort

De Volleyball Club Stengefort gouf 1974 gegrënnt. De Club huet aktuell eng öischt Dammenequipe, déi an der Nationaldivisioun spillt, souwéi eng zweet Dammenequipe di an der 1. Divisioun as. Desweideren hu mir och eng Härenequipe déi an der 2. Divisioun spillt. Eng U19 Härenequipe gëtt et säit dëser Saison 2022/23 och. Am Jugendberäich huet de Stengeforter Volleyball Club souwuel eng Minimes- wéi och eng Scolairesequip.

Mir hunn och 2 Beachterrainen, di vum Fréijoer bis Hierrscht genotzt ka ginn.

Mir sinn ee Stengeforter Veräin, dee jidderengem Méiglechkeet gëtt, een interessante Sport auszeüben an sech gläichzäiteg wi an enger grousser Famill wuel ze fillen a Frënn ze fannen.

IMG-20221107-WA0005 CP4I0069 Foto 21.01.23, 19 21 18

Kontakt


GSM : +352  691 39 54 02

Trainingszäiten:
• Dammen 1:
Meindes 19h30-21h30
Mettwochs 19h30- 21h30
Freides 19h30-21h30

• Dammen 2:
Mettwochs 18h-19h30
Freides 18h-19h30

• Hären:
Denschdes 20h-22h
Doneschdes 20h-22h

• Hären U19:
Denschdes 19h-22h
Doneschdes 20h-22h

• Minimen:
Meindes 16h-17h
Denschdes 16h30-17h30

• Scolaires:
Meindes 17h-18h
Denschdes 17h30-19h

https://vcsteinfort.lu/

Facebook
Instagram