- Culture & Loisirs
- Grands événements
- En Dag um Weier
En Dag um Weier
En Dag um Weier zu Stengefort
All Joer kann een Ufank September am Kader vum Dag um Weier e flotte Familljenausfluch op Stengefort maan.
Während 2 Deeg (Samstes owes & Sonndes mëttes) fënnt een do um Site vum Centre Roudemer a ronderëm de Weier Stänn vun Hobbykünstler mat Handwierklechem, et ass Animatioun fir Grouss a Kleng a fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och beschtens gesuergt. Concerten ronnen de gutt gefëllte Programm of.
Den Dag um Weier gëtt zanter e puer Joer vun der Harmonie Klengbetten an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Stengefort organiséiert.
Weider Informatiounen op www.hklb.lu