Retour au listing

Neijoerschtconcert vun der Militärmusek 2020 - 12.01.2020

Am Kader vun der SchmelzKultur huet den 12. Januar 2020 um 17 Auer am Centre Roudemer zu Stengefort déi 5. Editioun vum Neijoerscht-Concert vun der Militärmusek stattfonnt.

Ënnert der Direktioun vum Kapitän Christian KIRPES, Chef-Adjoint vun der Militärmusek goufe Stécker vun de bekannte Komponiste Robert Stolz, Johann Strauss, Steven Reineke, Alfred Reed a Bill Whelan gespillt.

Passend zur rezenter Verëffentlechung vum leschten Deel vun der „Star Wars“-Saga, déi zanter 1977 Generatioune vu Fans virun de Bildschierm zitt, huet d’Militärmusek mat der Titelmusek vum John Williams, déi zu engem vun de legendäerste Soundtracke vun der Kinogeschicht zielt, de Public am Centre Roudemer begeeschtert.

Duerch den Owend gefouert huet d’Adjudant-Major Monique Bernotte, Trompettistin vun der Militärmusek.

D'Lëtzebuerger Militärmusek gouf den 29. Dezember 1842 am éischte Bataillon, deen zu Iechternach stationéiert war, gegrënnt. Dëst ënnert der Leedung vum Franz Ferdinand Hoebich. Ufanks hat si ëm déi 25 Museker a mat der Zäit sinn et der ëmmer méi ginn. Aktuell besteet d’Militärmusek aus ronn 60 Beruffsmuseker.

Och am zweete Bataillon, deen zu Dikrech stationéiert war, gouf de 6. Dezember 1847 eng Militärmusek ënner der Leedung vum Jean-Antoine Zinnen, dem spéidere Komponist vun der lëtzebuergescher Nationalhymn, gegrënnt. Dës gouf awer am Juni 1868 opgeléist a soumat gouf d'Militärmusek just nach am éischte Bataillon weidergefouert.