Retour au listing

Personalfeier - 17.01.2020

Freides, de 17. Januar 2020 huet nees déi traditionell Neijoerschtreceptioun vun der Gemeng Stengefort stattfonnt. Iwwer 170 GemengebeamtenInnen, Salariéen a weider Invitéeë sinn der Aluedung vum Schäfferot nokomm an hunn a gemittlechem Kader e flotten Owend zesumme verbruecht.

Ewéi och schonn déi Joere virdru stoung d’Feier ënnert engem Thema. Dëst Joer war de Motto „Krimi“. De Sall war deementspriechend gerëscht an et war e klengt Krimi-Spill organiséiert ginn.

A senger Ried ass de Buergermeeschter Guy Pettinger op e puer wichteg Projete fir d’Joer 2020 agaangen. Dorënner ënnert anerem op d’Ofrappe vum Centre Roudemer deen den neie Sportsinfrastrukturen an der neier Schwämm soll weechen. Een neie Centre culturel soll um Site vun der Aler Schmelz entstoen. Hei wäerten am Joer 2020 déi éischt Pläng gezeechent ginn. Fir ze garantéieren, datt sämtlech gréisser Manifestatiounen, sief et vun de Veräiner oder vun der Gemeng Stengefort weiderhi kënnen ofgehale ginn, gëtt eng provisoresch Hal um Parking vun der Aler Schmelz amenagéiert.  

Desweideren huet de Guy Pettinger erkläert, datt d’Gemeng sech verstäerkt fir bezuelbare Wunnraum wëll asetzen. An deem Kontext sollen ënnert anerem zu Hoen an noer Zukunft e ganze Koup Wunnengen entstoen.

Nieft den aktuelle Projeten huet de Buergermeeschter dat neit Personal vun der Gemeng Stengefort virgestallt. Insgesamt goufe 17 nei Mataarbechter agestallt, dovunner 2 an der Administratioun, 3 an der Piscine, 5 am Service Hygiène, 1 am Service Technique a 6 an der Maison Relais.

Geéiert goufen op dësem Owend fir 20 Joer Déngscht, den Här Christophe André, Gäertner am Service Technique an d’Madamm Jackie Komes, Léierin an der Stengeforter Grondschoul.

An déi wuelverdéngte Pensioun goufen d’Madamm Andrée Tock-Balmann, zoustänneg fir d’Comptabilitéit an den Här Marc Hoffmann, zoustänneg fir d’Facturatioun, allebéid an der Administratioun täteg, verabschid.
Aus dem Service Hygiène, gouf d’Madamm Léonie Soragna verabschid an aus der Stengeforter Grondschoul d’Enseignantë Marita Weynands a Susy Linster-Thein.

Ewéi och schonn d’lescht Joer huet de Schäfferot op de klenge Kaddo fir d’Personal verzicht. Den doduerch erspuerte Montant kënnt dëst Joer der Associatioun „Noël de la rue“ zegutt.