Festival Elsy Jacobs

Festival de cyclisme féminin Elsy Jacobs

2016 war fir d'éischte Kéier eng Etapp vum Festival Elsy Jacobs zu Stengefort.

Départ ass zu Stengefort an Arrivée ass och nees zu Stengefort an der rue de Hobscheid.

De Festival Elsy Jacobs ass eng grouss international Veloscourse fir Fraen um Weekend ronderëm den 1. Mee.

Am Joer 2008 huet de Saf Zéisseng zesumme mat der Gemeng Garnech dëse Vëlosfestival an d'Liewe geruff, wou sech ab du Joer fir Joer d'Welt-Elite vum Fraevelossport zu Lëtzebuerg zesummefënnt.

Weider Informatioune fann Dir op www.elsy-jacobs.lu