Workshops - 13/07/2019

Sam. 13 juil. 2019

Workshops

Centre Roudemer & Maison Relais, Steinfort

14:00


Org.: Jugendkommissioun Stengefort

Graffiti:

Treffpunkt:                 
Roudemer, Stengefort

Beschreiwung:           
Du kriss gewisen wéi ee richteg sprayt a kanns dono denger Fantasie fräie Laaf loossen.

 

Kachen:

Treffpunkt:                 
Maison Relais, Stengefort

Beschreiwung:           
Fäerdeggeriichter? Nee merci. Hei kriss de gewisen dass et guer net schwéier ass sech selwer (oder aneren) eppes guddes ze kachen.

 

Fotografie:

Treffpunkt:         
Roudemer, Stengefort

Beschreiwung:           
Hei kriss de gewisen op wat ee muss oppassen wann ee flott Fotoen wëll maachen.

 

Ofschlossfeier:        

Um 18h00 treffe mir eis all zesummen am Roudemer fir dat z‘iessen wat am Kachatelier gezaubert gouf.

 

Wichteg Informatiounen:

  • D‘Workshops fanne just statt wann sech wéinstens 8 Persounen umellen.
  • D’Plaaze sinn awer och limitéiert, also net ze laang waarden!
  • De Präis pro Persoun ass 15€ fir 1 Workshop an 20€ fir 2 Workshops.

 

Interesséiert? Fëll de Formular aus a schéck e bis spéitstens de 6te Juli 2019 op d’Gemeng Stengefort: 4, Square Général Patton, L-8443 Steinfort, per Email un oder per Facebook (Jugendkommissioun Steinfort).