Stengefort TV

Stengefort TV LOGO

Après une année de pause, la commune de Steinfort a repris ses émissions de télévision. Suite à une adaptation du concept ainsi qu’un changement de nom et de logo, Stengefort TV continue sur sa lancée d’émission de télévision luxembourgeoise avec des reportages sur l’actualité politique, culturelle et sportive de la commune de Steinfort.

Stengefort TV est diffusée régulièrement sur les chaines de télévision apart TV et dok TV ainsi que sur la chaine Youtube de la commune.

Dans l’archive ci-dessous vous trouverez toutes les anciennes émissions de Stengefort News et Stengefort TV.

Contact
Service Relations publiques
Tél. : 39 93 13 266
Email :

Retour au listing

Scheckiwwerreechung Kürbis- & Bichermaart - 13.01.2020

Méindes den 13. Januar 2020 huet a Präsenz vum Schäfferot, engem Vertrieder vun der Regionaldirectioun Mamer, den Elterevertrieder, de Schoulkanner souwéi och dem Schoulpersonal, d’Scheckiwwerreechung vum Kürbis- a Bicherfloumaart stattfonnt.

De generéisen Don vu 4850 Euro, deen un déi Responsabel vun der ASA a.s.b.l. (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn) iwwerreecht ginn ass, setzt sech zesummen aus den Erléise vum Kürbismaart, deen d’Kanner aus de Cyclen 1 an 2 vu Stengefort a Klengbetten de 25. Oktober 2019 am Schoulhaff zu Stengefort organiséiert haten, souwéi dem Bicherfloumaart, deen zäitgläich vun den Elterevertrieder vun der Stengeforter Grondschoul organiséiert gouf.

D’ASA asbl këmmert sech ënnert anerem ëm de Parrainage an d’Ausbildung vun zukünftegen Assistenzhënn, si maache Visitten an Alters, Fleege- a Behënnertenheemer a stellen hir Aarbecht reegelméisseg a Schoulen a Maison Relaise vir.

Méi Informatiounen iwwert d’Missioune vun der ASA fannt dir op hirem Internetsite: https://www.asa-asbl.com/

E grousse Merci de Schoulkanner, hiren Enseignanten an den Elterevertrieder fir den Engagement an dee groussen Erfolleg.