Retour au listing

Marzipanfigure fir den "Noël de la Rue"

Scho fir déi 38. Kéier huet Mëttwochs de 25. Dezember 2019 den « Noël de la Rue » stattfonnt.

Hei am Land ginn et leider vill Persounen, déi a prekäre Verhältnisser liewen oder op Chrëschtdag ganz einfach eleng sinn. D’Solidaritéitsaktioun huet zum Zweck och deene Leit ee schéint an erfreelecht Fest ze erméiglechen.

D’Fest wat zanter dem Joer 2011 organiséiert gëtt an an de leschte Joren ëmmer um Fieldgen stattfonnt huet war fir dëst Joer an d’Victor-Hugo Hal op de Lampertsbierg geplënnert. Dëst well mat deene ronn 350 Leit déi deelgeholl hunn d’Raimlechkeeten um Fieldgen einfach net méi grouss genuch waren. 

Duerch dës nei Plaz gouf och de Besoin u Benevoller méi grouss. 85 Leit waren dëst Joer fir de gudden Zweck aktiv. Nieft de Benevollen op der Plaz bedeelegt sech awer och d’Maison Relais vu Stengefort zanter 2012 um
« Noël de la Rue » andeems d’Kanner kleng Marzipanfigurine preparéieren déi de Leit als Dessert ausgedeelt ginn.

Waren et am Joer 2012 nach 150 Figuren ass zäitgläich mam Wuesse vun dësem Fest d’Produktioun vun der Maison Relais op 350 Figure fir d’Joer 2019 eropgaangen.