Liesung - 30/09/2020

Mer. 30 sept. 2020

Liesung

Al Schmelz

20:00 - 22:00


Org.: Schmelzkultur

Timba - sou heescht d’Serie mat Kuerzgeschichte vu Kremart Edition.

No dem grousse Succès vun der Serie Smart (mat iwwer 30.000 verkaafte Bichelcher), ass et 2018 mat «Timba» ugaangen. De Prinzip ass dee selwechten: Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch an engem faarwege Look an an engem Format, dee grad esou praktesch ewéi präiswäert ass (4€).

Véier vun den Auteuren, deenen hir Geschichten an de leschte Méint erauskomm sinn, freeë sech, emol nees viru Publikum aus hire Geschichten ze liesen: de Roland Meyer1, d’Fabienne Hollwege2, de Jean Back3 an d’Josiane Kartheiser4.
Tëscht de Liesunge gëtt et och Musek vum Roland Meyer an dem Fabienne Hollwege.
Spannend, witzeg, authentesch, erfrëschend, skurril - oder eng literaresch Rees an aner Welten.


Téléchargement(s)