Theater "Fréier wor alles" - 28/03/2020

Sam. 28 mars 2020

Theater "Fréier wor alles"

Al Schmelz, Steinfort


Org.: Gemeng Stengefort

Reservatiounen um Tel.: 399313-209
oder per Mail: claudine.gillen@steinfort.lu

Präiss: 15 EUR / 10 EUR fir  Kanner

Eng satiresch Chronik vun de 60er Jore bis haut vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti.

An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck. D’Zäiten ännere sech, heescht et, an dat an engem Tempo, datt een net méi richteg nokënnt. Mär lafen dem Fortschrëtt hannendrun an en ass eis ëmmer e Schrëtt viraus.
 
No ‘Sorry fir deen Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019) ass dës nei kabarettistesch Liesung eng  ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 60er Jore bis haut. Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vun der Musekcassette bis zum Streaming, vum Thé Dansant bis zur Technoparty, vum Homo erectus bis zum Smombie. A Floppy, Dolby a Wifi ware keng Disney-Figuren … Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie an natierlech mat de passende Lidderzitater aus där Zäit. Vergaangenes gëtt awer net nëmme just opgewiermt, mee kritesch hannerfrot a mat Aktuellem opgekacht.

De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op, deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.


Téléchargement(s)