Porte Ouverte - Villa Collart - 27/04/2019

Sam. 27 avril 2019

Porte Ouverte - Villa Collart

Villa Collart | Steinfort


Org.: Syndicat d'Initiative Stengefort & Commune de Steinfort

De Schäfferot, zesumme mam Syndicat d’Initiative Stengefort, invitéiert Iech, léif Awunner aus der Gemeng Stengefort, vun 11:00 - 17:00 Auer op eng « Porte Ouverte » vun der Villa Collart.
 
Do kënnt Dir déi frësch renovéiert Villa aus der Jugendstilzäit mat all hire schéinen an historeschen Detailer entdecken. De Syndicat d’Initiative weist seng nei Raimlechkeeten an Dir kënnt och am historeschen Archiv bliederen.

Ze bestaune sinn dräi Fotosaustellungen, wou während dem Dag Féierunge stattfannen:
- « Villa Collart 1904 bis haut » vum Syndicat d’Initiative
- « D’Stengeforter Leit an de Joeren 1910 - 1920 » vum Syndicat d’Initiative
- « 50 Portraite vun der Famill Collart aus dem Joer 1900 » vum Erny Drouet


Mir géifen eis freeë vill Awunner deen Dag an der Villa Collart kënnen ze begréissen.