Virowend vun Nationalfeierdag - 22/06/2018
Ven. 22 juin 2018
Virowend vun Nationalfeierdag
Centre Roudemer I Steinfort
19:30
19:30 Auer : Rendez-vous
Rendez-vous an der „rue de l’Hôpital”, fir vun do aus am Cortège an d’Stengeforter Kierch ze goen.
20:00 Auer: Reliéisen Akt
Te Deum an der Stengeforter Kierch, dono geet de Cortège an de Centre Roudemer.
20:45 Auer: Zivilen Akt
Zivilen Akt: Begréissung vum President vun der Entente vun de Veräiner, Guy Laroche an Usprooch vum Buergermeeschter, Guy Pettinger. Uschléissend, Iwwerreechung vu Médaillen u verdéngschtvoll Leit aus dem Rettungswiesen an Auszeechnung vun engagéierte Veräinsmemberen am Kader vum Bénévolat.
Den offiziellen Deel gëtt mat engem Éierewäin ofgeschloss, dee vun der Gemeng offréiert gëtt (bis 22:30 Auer). D’Stengeforter Musek zesumme mat der Harmonie Klengbetten suerge fir de musikaleschen Encadrement vun den
offizielle Feierlechkeeten.
22:00 Auer:
ABBA
+ DJane Sunshine nom Concert!
D’Veräiner suerge fir Iessen & Gedrénks!