Syndicat d'Initiative

syndicat initiative logo

SYNDICAT D’INITIATIVE STENGEFORT
D’Geschicht vu Stengefort lieweg halen

WELCH AUFGABEN HUET DE SYNDICAT D’INITIATVE ET DU TOURISME STENGEFORT?
Als Haaptaufgab ass sécherlech d’Archivéierung vun alen Dokumenter, Fotoen, etc… iwwert d’Geschicht vun der Gemeng Stengefort, déi ganz spannend an interessant ass. Wéi een un de Fotoen hei ka gesinn.
Do derniewt ginn och Fotoen vun aktuellen Evenementer gemaach an alles wat an eiser Gemeng geschitt gëtt, a Form vun enger Chro-nik niddergeschriwwen, déi een op eisem Inter-net-Site ka noliesen, an och fir dass déi déi no eis hei liewen déi Informatiounen zur Verfügung hunn.
Eng weider Aufgab läit am touristesche Beräich, do gëllt et sech z.B. ëmt d’Autopedesteren, also d’Trëppelweeër an der Gemeng, ze këmmeren. Awer och all aner Idee oder Initiative déi fir den Tourismus an eiser Gemeng vu Bedeitung ass, ass ëmmer wëllkomm.

Och Evenementer organiséieren gehéiert bei d’Aufgabe vun eisem Veräin, mee zanter enger Zäitchen ass et eis, aus Mangel u Leit déi mathëllefen, net méi méiglech eppes Gréisseres op d’Been ze stellen. Dofir bass vläicht Du genau dee Richtegen, fir nei Ideeën ëmzesetzen.
Dat Gesellecht dierf bei eis awer och net feelen, fir d’Membere bei Laun ze halen. Wat dat ass, erliews Du wanns Du emol Dënschdes owes bei eis laanscht kucke kënns.

WAT KANNS DU BEIM SYNDICAT D’INITIATIVE MAACHEN?

  • Fotoe maan vun aktuellen Evenementer an der Gemeng;
  • Fotoe maan vu Landschaften an eiser Gemeng;
  • Eisen Internet-Site hëllefen à jour ze halen;
  • Foto-Bicher gestalten;
  • Reportage schreiwen iwwert en Thema wat eis Gemeng betrëfft;
  • Nei Ideeën ausschaffen a realiséieren;
  • Evenementer plangen an organiséieren;
  • D’Fotoen an d’Dokumenter hëllefen ze archi-véieren;
  • Je no Interesse, Recherche maan;
  • Am Beräich vum Tourismus eppes op d’Been stellen;
  • Sech ëm d’Trëppelweeër këmmeren oder ëm déi holze Bänken déi op deene Weeër stinn (eppes fir déi handwierklech Interesséiert);
  • … ...

 

Hues Du Interesse un der Geschicht vu Stengefort?
Hues Du Loscht Fotoen ze maan?
Hues Du Talent fir eppes ze organiséieren?

Komm bei eis,
an hëllef d’Geschicht vu Stengefort ze dokumentéieren a nei Initiativen op d’Been ze stellen.

Komm emol Dënschdes owes tëscht 20 an 22 Auer an eis Versammlung an der aler Schoul zu Stengefort (16, rte de Luxembourg) laanscht kucken, a maach Dir selwer e Bild vun deem wat mir maachen.

 

Eis Adress:

16, route de Luxembourg
L-8440 Steinfort
B.P. 64 - L-8401 Steinfort

Telefon : 39 72 49

www.steinfort-syndicat.lu