SchmelzKultur Stengefort

De SchmelzKultur-Festival

Historique:

1992 gouf de "Stengeforter Theaterfestival" an d'Liewe geruff, wou all Joer en Theaterstéck exklusiv vu lëtzebuerger Auteure produzéiert a während 3 Wochen zu Stengefort am Centre culturel "Al Schmelz" opgefouert ginn ass.

Bis 2011, also während 20 Joer huet de "Stengeforter Theaterfestival" ënnert dëser Form stattfonnt.

Fir 2012 ass dunn decidéiert gi fir de Festival, dee jo bis dohinner e rengen Theaterfestival war mat just der Opféierung vun engem Theaterstéck pro Joer, ganz aneschters ze gestalten an dorausser e Kulturfestival ze maan. D'Idee war fir all Kulturrichtungen am Kader vun dem Festival ze berücksichtegen an sou méi e breetgefächerten an ofwiesslungsräiche Programm de Leit unzebidden. No engem neie Numm gouf gesicht a wat louch do mi no wéi e Numm ze huele wou d'Wuert "Schmelz" dran enthale war. Éischtens well di meescht Eventer vum Festival am Centre culturel "Al Schmelz" stattfannen, engem Gebei vun der fréierer Stengeforter Schmelz, an zweetens well d'Zil jo ass all Kulturrichtungen op dësem Festival ze "verschmelzen". De Numm "SchmelzKultur-Festival Stengefort" war fonnt.

No 3 Joer ganz ofwiesslungsräichem an intressantem Programm während 2 bis 3 Wochen hannertenee mat villen internationalen a nationale Kënschtler, huet ee gemierkt, dass et einfach zevill Programm openee war an sou kuerzer Zäit.

Mam Theaterstéck «Wéi wäit nach bis Alaska» huet de 6. Februar 2015 dunn de «SchmelzKultur-Festival» zu Stengefort an der Aler Schmelz ënnert engem neie Konzept ugefaangen.
Dat neit Konzept gesäit elo vir, dass net wéi soss während 2 bis 3 Wochen hannerteneen déi verschidden Evenementer stattfannen, mee se sinn elo iwwert d’ganzt Joer verdeelt. Desweideren hu mer gekuckt nach méi Variatioun an d’Opféierungen ze kréien, sou dass fir jiddereen eppes misst dobäi sinn, vun Theater, Concerten, iwwer Film bis Buchvirliesung, fir grouss a kleng a jonk an al.

E neie Logo gouf ausgeschafft an d’Kategorien vun den Events si faarwlech un de Logo ugepasst. Sou gesäit ee séier op ee Bléck ëm welch Zort vun Evenement et sech handelt.

 

Informatiounen iwwert den aktuelle Programm an d'Reservéiere vu Sëtzplazen op schmelzkultur.steinfort.lu