Vintage Cars & Bikes

Vintage Cars & Bikes Steinfort

Zanter 2013 dréint sech all 1. Weekend am August alles ronderëm d'Oldtimer, egal op al Autoen, Motorrieder, Trakteren, Camionen...., all motoriséiert Gefier wat méi wéi 30 Joer um Bockel huet ass häerzlech Wëllkomm.

Um Site vum Centre Roudemer, ronderëm de Weier an am Schoulhaff zu Stengefort organiséieren d'Mechanical Freaks, de Centre d'Intervention, de Club des Jeunes Hoen-Klengbetten an d'Entente vun de Veräiner deen Event wou sech alles ronderëm di al Maschinnen dréint. Sou kann ee Samstes a Sonndes vill schéin an och rar al Autoen, Motorrieder, Trakteren, Camionen asw.... bestaunen, et kritt een Ersatzstécker a "Pièces détachées" ze kaafen, Auto-Literatur, Modellautoen, al Schëlder a Logoen vun Autosmarken, Souveniren, asw....

Natierlech ass och beschtens fir Iessen a Gedrénks am Catering an op de Pit-Stops gesuergt.

Soumat bidd de Vintage Cars & Bikes zu Stengefort sech un, fir e flotte Familljenausfluch an d'Welt vum alen Automobil ze maan.

Déi nächsten Editioun fënnt den 3. a 4. August 2024 zu Stengefort statt!

Weider Informatiounen iwwert dësen Event fënnt een op www.vintage-steinfort.lu