Concert Herzlichter

HERZLICHTER - Das besondere Musikerlebnis im Advent

2015 huet d'Kulturkommissioun fir d'alleréischt am Kader vu SchmelzKultur e Concert mat der däischter Grupp HERZLICHTER organiséiert. Dëst si Musiker aus der Geéigend ëm Bitburg an all Joers bréngen si och ee Special-Guest mat, 2015 war et de Roman Lob (ass viru Joeren fir Däitschland beim Eurovision Song-Contest opgetrueden), 2016 war et d'Yasmina Hunzinger (hat bei The Voice op Germany matgemaach).

Well dee Concert su gutt bei de Leit ukomm war, gouf decidéiert fir dass dee Concert och di Joeren dono e festen Datum am kulturelle Kalenner vun der Gemeng Stengefort sollt kréien.

All Joer schaffen d'Musiker vun Herzlichter e neie flotte Programm aus, deen d'Leit dann all Kéiers am November am Centre Roudemer kënne lauschtere kommen.