Cabaret de M. Mars Klein - 08/11/2019
Ven. 08 nov. 2019
Cabaret de M. Mars Klein
Al Schmelz, Steinfort
20:00
Commune de Steinfort
Reservatiounen um Tel.: 399313-209
Präiss: 15 EUR / 10 EUR fir Kanner
WANN E SALAMANDER MAT DEM FEIER SPILLT
Litteraresch hëtzeg. Musikalesch sprëtzeg.
Wäit ewech vu bëlleger Comedy oder populisteschem Beschass steet KMK fir Kalitéit vum Text a Kalitéit vum Chanson. Wuertspillerei a satiresch Kritik wiësselen sech och am neie Programm of, deen am éischten Deel e witzeg-wëlle Bestiarium weist, an am zweeten de Mënsch ënner d’Lupp hëlt an eng Rei Bëssegkeeten iwer Lëtzebuerg auspaakt.
Mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach huet de Mars Klein exzellent Schaupillerinnen a Sängerinnen niewt sech, a mam Rudi Schubert e kreative Komponist um Piano.
D’Texter vun däitschen Auteuren a vum Mars Klein selwer gi gespillt op Lëtzebuergesch an Däitsch. De Spektakel dauert 2 x 40 Minutten.