Mam Aly-Mouk op Schatzsich

Mam Aly-Mouk op Schatzsich

Culture & loisirs

Eng Initiative vum Mirador Stengefort

D'Mataarbechter vum Mirador - centre nature et forêt freeë sech Iech den Aly-Mouk, d'Spaassbréngmouk vum Schwarzenhaff virzestellen:

 

"LÉIW KANNER, GROUSS A KLENG,

WEI DIR BESTËMMT SCHO WËSST,

GËTT D’SUMMERVAKANZ DËST JOER WUEL MEI ONGEWËSS.

DU BLEIFS VLÄICHT OCH DOHEEM, A GEES NET FORT,

DA KOMM BEI MECH OP BESUCH ZU STENGEFORT!

HEI GËTT ET NI LANGWEILEG, MIR BLEIWEN OCH NET DOBANNEN,

HUNN NÄMLECH EE SCHATZ VERSTOPPT, DEEN ET GËLT ZE FANNEN.

FIR UN DËSEM ABENTEUER DEELZEHUELEN, BRAUCHS DU NET VILL,

PAK DÄI PICKNICK AN DÄI RUCKSAK, A KOMM HEIHI MAT DER FAMILL.

AM MIRADOR DO WAARDEN ECH OP DECH,

DO KRISS DU DENG SCHATZKAART AN DA GEET ET AN DE BËSCH!

ECH KANN DÄI BESUCH KAUM ERWAARDEN.

DÄIN ALY"

 

Parcours: ca. 7 km

Dauer: 3-4 Stonnen (mat Paus)

D'Schatzsich funktionnéiert ouni Guide an ass GRATIS.

 

DE MIRADOR ASS OP:

MÉINDES-FREIDES: 08h00 - 17h00

SAMSDES: 09h00 - 17h00

SONNDES: 14h00 - 16h00

 


Publié le 28 juillet 2020