Appel à propositions de noms pour une nouvelle rue située au sein du PAP « Cité Eechelter » à Steinfort

Proposition Op Eechelter

Au mois de juin 2016 la première pierre pour le plan d’aménagement particulier « Cité Eechelter » à Steinfort a été posée.

Le PAP « Cité Eechelter » opte pour la création d’un quartier résidentiel de moyenne densité avec beaucoup d’espaces verts, intégré parfaitement dans le tissu urbain existant de Steinfort et de Hagen. Ceci sur une superficie totale de 5,81 ha.

Comme nous avons à cœur d’écouter nos habitants, nous faisons appel à votre créativité en nous proposant un nom (de préférence en luxembourgeois) pour une nouvelle rue située dans ledit PAP.

Veuillez nous communiquer votre idée (le cas échéant avec votre argumentation) moyennant le formulaire de contact ci-dessous ou par téléphone: 399313-246, jusqu’au 15 janvier 2018, 17:00 heures au plus tard.

Nous examinerons toutes vos propositions avec grande attention et soumettrons une présélection au Conseil communal, qui va délibérer sur les différentes propositions.

Nous vous remercions d’avance de votre participation.

Le Collège des Bourgmestre et Échevins.

__________________________________________________________________________

 

Opruff fir Propose fir en Numm fir eng nei Strooss am Deelbebauungsplang (PAP) „Cité Eechelter“ zu Stengefort

Am Juni 2016 gouf de Grondsteen fir den neien Deelbebauungsplang (PAP) „Cité Eechelter“ zu Stengefort geluecht.

De PAP „Cité Eechelter“ steet fir ee Wunnquartier, dee sech mat senger duerchschnëttlecher Bevëlkerungsdicht a ville Gréngzonen, perfekt an déi bestoend Wunnquartieren vu Stengefort an Hoen afüge wäert. Dëst op enger Fläch vun insgesamt 5,81 Ha.

Well et eis um Häerz läit eis Awunner zur Sprooch kommen ze loossen, lancéiere mir een Opruff un Är Kreativitéit. Dir kënnt eis Är Propos fir een Numm (am léifsten op lëtzebuergesch) fir eng nei Strooss, déi duerch dësen Deelbebauungsplang entstanen ass, eraschécken.

Loosst Ärer Fantasie fräie Laf a schéckt eis Är Propos (eventuell mat Ärer Begrënnung) via de Kontaktformulaire hei drënner bis de 15. Januar 2018, um 17:00 Auer, eran oder rufft eis un um Telefon 399313-246.

Mir wäerten all Är Propose mat groussem Interessi analyséieren an dem Gemengerot a senger nächster Sëtzung eng Virauswahl proposéieren, deen dann eng Decisioun wäert huelen.

Mir soen Iech am Viraus ee ganz grousse Merci fir d’Matmaachen.

De Schäfferot.

Ma proposition