Owes-Maart

Stengeforter Owes-Maart

Den Owes-Maart gouf 2009 an d'Liewe geruff fir de lokale Geschäftsleit eng Plattform ze bidden fir sech den Awunner virzestellen. Mëttlerweil ass den Owes-Maart regional ausgeriicht, dat heescht och regional Entreprise kënne matmaan an zanter 2016 gëtt parallel mam Owes-Maart och gemeinsam en Ëmwelt-Maart organiséiert.

Gouf den Owes-Maart am Ufank nach all 1. Freideg am Juli op der Maartplaz virum Gemengenhaus organiséiert, war e vun 2015-2017 beim Centre Roudemer a beim Weier zu Stengefort (rue de Hagen), an ass elo fir säin 10. Anniversaire 2018 nees zréck op d'Maartplaz virum Gemengenhaus geplënnert.

Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens an enger flotter summerlecher Atmosphär gesuergt, an dat mat flotter Dekoratioun a Beliichtung.

Och eng Musiksgrupp suergt all Joers fir gutt Stëmmung.