Nuit du sport

Nuit du sport

All Joer organiséiert d'Sportskommissioun zesumme mat puer Sportsveräiner d'Nuit du sport um Site beim Centre Roudemer zu Stengefort, wou Grouss a Kleng, Jonk an Al divers Sportarten kënnen ausprobéieren. En Highlight ass sécherlech all Joer fir mat Kayaken oder Kanuen um Stengeforter Weier kënnen ze fueren, mat engem Pedalo oder a groussen opblosbare Bullen iwwert de Weier ze spazéieren . Desweideren gëtt et eng Kloterwand, et kann een an der Piscine tauchen, Blacklight-Dëschtennis spillen, Trampolin sprangen, Petanque spillen, a nach villes méi....

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och beschtens gesuergt.

Eng Navette fiert tëscht den Gemenge Stengefort, Garnech a Käerch hin- an hir, sou dass d'Leit aus deene Gemenge bequem kënnen op Stengefort kommen.

D'Nuit du sport ass eng Initiative vum "Service national de la Jeunesse SNJ" qn dem Sportsministère a gëtt a verschiddene Gemengen uechtert d'Land dee selwechten Dag organiséiert.

Weider Informatiounen op www.nuitdusport.lu