- Culture & Loisirs
- Grands événements
- Ëmwelt-Maart
Ëmwelt-Maart
Ëmwelt-Maart
2016 huet d'Klima-Team vun der Gemeng Stengefort d'Initiative ergraff fir en Ëmwelt-Maart ze organiséieren, wou regional Entreprisen hir ëmwelt-frëndlech Produiten kënnen de Leit presentéieren, an och di interkommunal Syndicater sech kënne mat engem Stand virstellen. Et gouf dunn decidéiert fir deen Ëmwelt-Maart an dem Kader vum Stengeforter Owes-Maart ofzehalen, deen all 1. Freideg am Juli stattfënnt.
Dëst ass gutt bei de Leit ukomm an sou steet de nächsten Editiounen vum Ëmwelt-Maart näischt am Wee.