Liesung Jay Schiltz - musikalesch ënnerstrach vum Chris Reitz - 20/09/2017

Mer. 20 sept. 2017

Liesung Jay Schiltz - musikalesch ënnerstrach vum Chris Reitz

Al Schmelz

20:00


Org.: Commission culturelle

Am Joer 1999 fiert de Jay Schiltz eng éischte Kéier mat jonken Lëtzebuerger an d’Konzentratiouns- a Vernichtungslager Auschwitz Birkenau. Et sollt net di éischt Rees sinn.            
    
Ugefaangen huet alles 1997, wéi den deemolegen liberalen Europadeputéierten Charles Goerens eng éischt Gedenkrees organiséiert huet. Iwwer 120 Jugendlecher aus lëtzebuerger Schoulen waren mat derbäi. Si hunn op der Plaz kënnen gesinn a lauschteren wat deemools do passéiert ass, aus éischter Hand, vun Mënschen, déi do iwwerlieft hunn.        
    
Haut ginn déi Reesen vun der Organisatioun „Les Témoins de la deuxième Génération – Zeugen der zweiten Generation“ organiséiert. De Jay Schiltz ass ee vun den Vizepresident vun däer Organisatioun. Aus deem wat hien op deene Reesen erlieft huet, ass d’Erzielung “Aschengänger” entstan.                

Wie viel Zeit brauchte hier der Tod, um die auferlegte Arbeit zu tun. Manchmal muss es sogar ihm gegraut haben, ansonsten hätte er nicht doch einigen Zeit gelassen, mit dem Sterben, Aufschub geduldet, sich das Leben in Raten genommen.    
                
Am Joer 2003 kënnt “Aschengänger” am Eege-Verlag eraus, 2016 décidéiert Editions Binsfeld, d’Erzielung an enger iwwerschaffter Editioun nei eraus ze bréngen:                    

Wie findet man Worte für das Unbeschreibliche? Für die unzähligen Verbrechen gegen die Menschlichkeit, die im Konzentrationslager Auschwitz begangen wurden? Jedes Jahr begeben sich Jugendliche aus Luxemburger Lyzeen auf Gedenkreise an diesen dunklen Ort, um den immer leiser werdenden Stimmen der Zeugen zuzuhören, die aus der Vergangenheit sprechen und für die Zukunft mahnen. Hier beginnt auch die Geschichte des Erzählers. Jakob Aschengänger. Ein Getriebener, der auf den Reisen nach Auschwitz sich selbst fast verliert – und gleichzeitig findet.

 

Réservations
via http://schmelzkultur.steinfort.lu/ ou
par téléphone: (+352)  399 313 - 1

 

Prix:
gratuit