De Kolla Festival - 18/08/2017

Ven. 18 août 2017

De Kolla Festival

Site près du Centre Mirador I rue Collart à Steinfort


Org.: Kolla asbl

https://kollafestival.wordpress.com/

De Kolla Festival um Facebook

 

WAAT ASS DE KOLLA?
Och dëst Joer organiséiert d‘asbl „Kolla“ de Kolla Festival, esou wéi d‘Kënschtlerresidenz Antropical an fir déi éischt Kéier, een residentielle Stage, Impuls, um Site vum Centre d’Accueil Nature et Forêts „Mirador“ zu Stengefort. Dëst Joer wäerten de Festival vum 18. bis den 20. August, Antropical vum 3. bis de 17. August an Impuls vum 7. bis den 13 August stattfannen. Eist Zil ass, der lëtzebuerger Festivallandschaft eng Alternative unzebidden, andeems mir eng Plattform fir den Austausch an d‘Reflectioun kreéieren, an esou d‘Toleranz, de Respekt an d‘Kollaboratioun encouragéieren. D‘Ambiance vun engem Festival gëtt der Sensibiliséierung vun eisem Publikum e spillereschen Aspekt. Esou kënne mir Leit vun all Regioun, Alter an Originnen iwwer sozial an ökologesch Froen opklären.

E PLURIDISZIPLINÄRE FESTIVAL - DE KOLLA
De Kolla ass e pluridisziplinäre Festival, deen nieft der Musek och folgendes ubitt:
eng Kënschtlerresidenz an eng Konschtausstellung, e residentielle Stage, Spektakelen (Clown, Zauberer, etc.), d‘Projezéiere vu Kuerzfilmer, Aktivitéiten an Animatioune fir all Alter (Karaoké, Gesellschaftsspiller, Quiz, e riese Verstoppches, Schatzsich, Entdeckungswanderungen, Märercher fir Grouss a Kleng), e Maart, dee verschidde lokal Projeten, Associatiounen an Atelierë virstellt an e Kleedertroc.

ENG KëNSCHTLERRESIDENZ - ANTROPICAL
Datt een de Festivalsite duerchaus och kënschtleresch notze kann, beweisen d’Artiste vum Antropical. De Projet ënnert der Leedung vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Aurélie D’Incau geet dëst Joer an déi zweet Ronn a wäert vum 3. bis den 20. August als Residenz am Mirador stattfannen. Während zwou Woche befaasse sech 15 Participanten aus de verschiddensten Disziplinne kënschtleresch mat enger ethnographescher Etude vum Publikum vum Kolla. De wichtegste But ass et, en Echange tëschent de Participante vun der Residenz an de Festivalgänger ze schafen. Soumat gëllt et, „Antropical“ verstäerkt am Kontext vun enger eenzegaarteger Festivalsituatioun ze erliewen, an de Projet, seng Wierker an d Iddi och un manner konschtinteresséiert Mënschen ze vermëttelen.

EE RESIDENTIELLE STAGE - IMPULS
Dëst Joer ganz nei ass dee vum Naomi Eiro initiéierten Impuls vum 7. bis 13. August, wou d’Participanten tëschent 18 an 30 Joer zesumme mat der Equipe vum Kolla an den Austausch trieden an d’Konzept vum Kolla Festival mat villen interessanten Diskussiounsronnen, Ausflich a Workshoppe thematiséiere wäerten. But vun dëser Renconter ass et, bewosst eng Platz an en Zäitraum fir déi méi intensiv Ausernanersetzung mam Kolla Konzept anzeraumen an esou zesummen Alternativen zum irresponsabele Konsum ze fannen. Mat dësem Austausch hofft d‘Equipe vum Kolla een Dialog mat der Ëffentlechkeet stimuléieren ze kennen, deen engersäits zur Sensibiliséierung vun de verschiddenen Theme féiert an anerersäits d‘Kolla Konzept zesumme mat de Participante weider ausbaut. Schliisslech soll och de Kolla Festival u sech eng Méiglechkeet zur Kollaboratioun duerstellen an den Impuls luet dofir häerzlech zur Participatioun an!