Déi eng an déi aner - 28/04/2017

Ven. 28 avril 2017

Déi eng an déi aner

Al Schmelz I Steinfort

20:00 - 23:00


Org.: Commission culturelle

Gespillt vum dentheater.lu

Et ginn ëmmer déi eng an déi aner.
Mir sinn déi eng, an déi aner, - tjo – dat sinn eben déi aner.
Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn... anescht.
Mir gehéieren natierlech zu deenen engen.

Stellt sech d’Fro:
Gesinn déi aner dat och esou? Wat hale si vun deenen engen?
Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner?

4 Strummerten an der Stad an hirer  Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner?
Am Theaterstéck kann ee gutt lachen, mee t‘gëtt een awer och un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen.

Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?

Regie & Dekoren: Claude Fritz
Beliichtung: Jang Krippler
Technik: Willy Blommaerts
Graffiti: Philippe Dauphin
Et spillen: Danielle Wenner, Pierre Bodry, Marcel Hamilius a Luc Lamesch

 

Réservations
via http://schmelzkultur.steinfort.lu/ ou
par téléphone: (+352)  399 313 - 1

 

Präiss:
Erwuessener: 15 Euro  I  Kanner: 10 Euro